Uergelmanufaktur Bridder Müller

D'Uergelmanufaktur Bridder Müller war d'Entreprise vun enger Famill vun Uergelbauer vu Reifferscheid, déi vum Ufank vum 19. Joerhonnert bis den Ufank vum Éischte Weltkrich tëscht der Meuse an dem Rhäin Uergele gebaut hunn. Déi bekanntst vun hinne waren de Paul a säi Brudder Nicolas déi mam Uergelbau ugefaangen hunn, an duerno de Jean-Joseph an de Christian allen zwéi Bouwe vum Paul.

  • De Paul Müller, gebuer ëm 1773 a gestuerwen 1843 huet am Ufank als Schräiner a sengem Papp sengem Atelier geschafft. Et ass net bekannt wou hie seng Léier als Uergelbauer gemaach huet. 1802 huet e seng Uergelmanufaktur opgemaach. Uergele vun him stoungen oder stinn nach an de Kierche vu Mürzenich (1829) an Drennen (1837). Zu Heerlen hat hien d'Uergel an der St.Pankratius-Kierch gebaut (1835) an zu Oochen d'Restauratioun vun der deemoleger Uergel an der Sankt-Foillan Kierch.
  • Den Nicolas Müller, gebuer 1777 a gestuerwen 1843 war dem Paul säi Brudder. Ier hien am Uergelbau geschafft huet war hie Schlässer. Beim Uergelbau war hien och gréisstendeels nëmmen niewelaanscht beschäftegt, well hien an der Tëschenzäit en Theologiestudium gemaach hat a Paschtouer zu Baasem war. Déi eenzeg Uergel déi him mat Sécherheet zougerechent gëtt ass déi vun der Johanniterkierch zu Kronenburg an der Äifel.

Dee leschte Member vun der Famill war den Eduard Müller (gest. 1915).

Si hunn ufanks an der Äifel an hiren Nopeschgéigende geschafft, zanter ongeféier 1835 och an Holland, wou s'am Ganze 14 Uergele gebaut hunn, an der Belsch (2 an der aler Belsch an Dosenden an den Ostkantonen, do sinn der bis haut iwwer 40 erhalen) an zu Lëtzebuerg (wou se der 41 gebaut hunn, vun deenen der just 4 erhale sinn).[1]

Déi zu Lëtzebuerg erhalen Uergelen aus der Manufaktur Müller-Reifferscheid sinn:

Alle 4 goufen de 7. Dezember 2001 als National Monumenter op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl.

Referenzen änneren

  1. Colloque: Das Wirken der Orgelbauer Gebr. Müller-Reifferscheid im Rheinland, in Belgien, in den Niederlanden und in Luxemburg, 16. Juli 2005