Michel Stoffel
lëtzebuergesche Moler
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Michel Stoffel, gebuer de 24. Mäerz 1903 zu Biissen, a gestuerwen den 29. Mäerz 1963 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler.
Michel Stoffel | |
---|---|
Gebuer |
24. Mäerz 1903 Biissen |
Gestuerwen |
29. Mäerz 1963 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Hien huet haaptsächlech abstrakt Biller gemoolt. Ausserdeem huet hie Mosaicker geschaf.
Virum Zweete Weltkrich war hie Sekretär vum Cercle artistique, vun 1945 bis 1949 säi President. 1954 war hien ee vun de Matgrënner vun den Iconomaques.
1936 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.[1]
De Michel Stoffel huet och Bicher geschriwwen.
Als Erënnerung un hie gouf zu Biissen eng Strooss no him genannt.[2]
Literarescht Wierk
änneren- La clef de Melusine (Erzielung), 1944
- La réforme de la peinture française (1944)
- Le prestige de la matière dans l'art contemporain. Essai de synthèse
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier vum Ordre de Léopold
- Chevalier vum Ordre de la Couronne de Belgique (Promotioun 1950)[4]
- Chevalier vum Ordre de Léoppld II
Literatur iwwer de Michel Stoffel
änneren- Joseph-Émile Muller & Joseph Funck, 1971. Michel Stoffel. Publication de la Section des arts et des lettres de l'Institut Grand-Ducal, 91 S. Lëtzebuerg. (Ouni Numm vun der Dréckerei).
- Nic Weber, 2003. Michel Stoffel. In: Les Cahiers luxembourgeois 2003/1.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Lëscht vun de Laureaten op der Internetsäit vum CAL.
- ↑ „Eis Stroossennimm (8)“. In: Klautjen. Gemengeblat Biissen Nr. 8 (2008), S. 2.
- ↑ Doudesannonce vum Michel Stoffel. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (1 Abrëll 1963). Gekuckt de(n) 15.01.2023.
- ↑ Bulletin d'information vum Service Information et Presse vum 31 Juli 1950 Distinctions honorifiques op der Säit 26