Charles-Frédéric Mersch

lëtzebuergeschen Ingenieur a Professer

De Charles-Frédéric Mersch, gebuer den 30. Abrëll 1810 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 25. August 1888 zu Biissen[2], war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Professer.

Charles-Frédéric Mersch
Gebuer 30. Abrëll 1810
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. August 1888
Biissen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur
Fonctioun Member vum Staatsrot
Gielercher Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Famill
Geschwëster Jean Mersch-Wittenauer

Nodeem hien e puer Joer Professer fir Chimie a Physik am Kolléisch war, goung hien an Amerika wou en aktiv beim Opbau vu Schmelzen an de Rocky Mountains gehollef huet.

Wéi hien zeréck zu Lëtzebuerg war, gouf hie Regierungskommissär fir d'Eisebunn. Hie war vum 28. November 1857 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot[3].

Als Erënnerung un hie gouf zu Biissen d'Rue Charles-Frederic Mersch no him genannt.[4]

Gielercher[5]

änneren
  • Commandeur vum Ordre de la Couronne de Prusse

Referenzen

änneren
  1. (en)Charles Friderich Mersch (1810-1888) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (30.04.1810). Gekuckt de(n) 18.05.2023.
  2. Victor Kalmes. Bissen seit eh und je, Band 2. Luxemburg, Gemeindeverwaltung Bissen, saint-paul luxemburg, 2002. ISBN 2-87996-939-5. S. 264-265.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. „Äis Stroossennimm (7)“. In: Klautjen. Gemengeblat Biissen Nr. 7 (2008), S. 2.
  5. De Charles-Frédéric Mersch op luxemburgensia.lu