CFL 2200
D'CFL 2200 sinn eng Serie vun elektreschen Automotricë fir den Asaz ënner 25KV Wiesselstroum an 1,5KV Gläichstroum. Si si baugläich mat de franséischen Z 24500 a kënnen och mat deenen Automotricen zu enger Ramm (Unité multiple) zesummegehaange ginn. D'CFL huet 22 där Maschinnen a se vun 2201 bis 2223 nummeréiert.
Constructeur | Alstom |
---|---|
Bedreiwer | CFL |
Baujoer | 2004-2006 an 2009-2010 |
Benotzt a(n) | Lëtzebuerg |
Numeréierung | 2201-2223 |
Sëtzplazen | 339 |
Stéckzuel | 22 |
Technesch Detailer | |
Ass en(g) | elektresch Automotrice |
Bauaart | 2 * Bo'2' |
Déngschtmass | 108,12 Tonnen |
Längt iwwer Puffer | 81,1 m |
Héicht ouni Pantograph | 4,300 mm |
Maximal Achselaascht | 30,14 Tonnen |
Héchstvitess | 160 km/h |
Maximal Dauerleeschtung | 2340 kW |
Zuchsécherungs- System(er) |
ETCS Memor II+ |
Allgemenges
ännerenAm Eisebunnerjargon ginn déi Automotricë gär "Duscholux" genannt, zum engen, well een duerch déi gliesen Trennwänn, bannena wéi an enger Dusch steet, zum anere well verschidden Automotricë bei der Liwwerung en ondichten Daach haten [Source?].
Bei Zuch-Fotografe gi se gär als "Computermaus" bezeechent.
D'Automotrice 2207 ass den 11. Oktober 2006 beim Zuchaccident zu Zoufftgen zerstéiert ginn. Den Deel Z1 ass dobäi vollstänneg zerstéiert ginn an den Deel Z3 gouf sou wäit zerstéiert datt en net méi konnt reparéiert ginn. Den Deel Z5 huet keen gréissere Schued dovu gedroen a konnt zesumme mat 2 neien Deeler Z1 an Z3 zur neier 2223 zesummegebaut ginn.
Asaz
änneren- Regionalexpresser a Regionalbunnen op Ëlwen an Dikrech
- Regionalexpresser op Lonkech
- Regionalexpresser op Diddenuewen, Metz an Nanzeg (Am Pool mat den Z24500 vun der SNCF)
- Regionalbunnen op der Streck Lëtzebuerg-Péiteng-Rodange
- Regionalexpresser op der Streck Lëtzebuerg-Esch-Rodange
- Regionalexpresser a Regionalbunnen op Virton (aktuell net am Asaz)
- Regionalbunn op der Streck Lëtzebuerg-Arlon (nëmmen weekends)
Tranche 2010
ännerenD'CFL hunn am Joer 2009 bei Alstom/Bombardier eng zweet Serie vun zéng 2200er bestallt fir den akute Manktem ze kompenséieren.[1] Déi nei Tranche ass am Kontext vun der Ouverture vu Belval-Universitéit an den direkten Zuchverbindunge vun där Gare a Richtung Diddenuewen, Lonkech a spéider Virton ze gesinn.[2] Mat der 2223 ass am Januar 2011 déi lescht Maschinn vun der zweeter Serie ausgeliwwert ginn. D'2223 besteet aus dem Deel Z5 vun der 2006 accidentéierter 2207 an aus nei gebauten Deeler Z1 an Z3.
Bestand
ännerenNummer | Bemierkung | Foto |
---|---|---|
2201 | ||
2202 | ||
2203 | ||
2204 | ||
2205 | ||
2206 | gedeeft op den Numm Beetebuerg | |
2207 | 2006 beim Zuchaccident zu Zoufftgen zerstéiert ginn. | |
2208 | ||
2209 | ||
2210 | ||
2211 | De 14. Februar 2017 beim Zuchaccident zu Diddeleng zum Deel zerstéiert ginn. | |
2212 | ||
2213 | ||
2214 | ||
2215 | ||
2216 | ||
2217 | ||
2218 | ||
2219 | ||
2220 | ||
2221 | ||
2222 | gedeeft op den Numm Schuller | |
2223 | Den Deel Z5 vun der 2223 ass de fréieren Deel Z5 vun der 2207. |
Biller vu bannendran
änneren-
Kabinn
-
1. Klass ënnen
-
1. Klass uewen
-
2. klass
Um Spaweck
ännerenCommons: CFL 2200 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ https://web.archive.org/web/20120112031025/http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/08/106287/cfl-bekommt-zehn-neue-zuege.php Déi nei Tranche 2200er Lëtzebuerger Wort 4.August 2010
- ↑ http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/62613/thionville-belval-longwy.php Direkt Verbindung Diddenuewen-Belval-Lonkech Lëtzebuerger Wort 15.Dezember 2009