E Stellwierk ass eng Sécherheetsanlag bei der Eisebunn déi verschidde Missiounen z'erfëllen huet:

  • d'Iwwerwaachung vum Zoustand vun de Baudeeler déi fir den Zuch- a Rangéierbetrib noutwendeg sinn (Weichen, Signaler, Streckeblock an evt. Barriären),
  • d'Steierung vun dëse Baudeeler,
  • d'Ofsécherung vum Zoustand vun dëse Baudeeler fir ze verhënneren datt iertemlech oder zoufälleg falsch Situatioune kënnen entstoen an doduerch e séchere Betrib vun den Zuch- a Rangéierbeweegungen ze garantéieren.
An engem ale Stellwierk.
Saxby-Stellwierksanlag um Stellwierk Raeren

Bauformen änneren

 
Stellwierk an der Gare vu Simpelveld (Blockapparat mat Hiewelbänk)

Et gëtt véier verschidde Bauforme vu Stellwierker:

  • D'mechanescht Stellwierk
  • D'elektromechanescht Stellwierk
  • D'Relaisstellwierk
  • D'elektronescht Stellwierk

Mechanescht Stellwierk änneren

 
E mechanescht Stellwierk.
  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

An engem mechanesche Stellwierk gëtt et keng elektronesch Ënnerstëtzung. D'Signaler an d'Weiche gi manuell an déi richteg Stellung bruecht. Dat geschitt iwwer Hiewele mat Gewiichtstrommelen oder mat Kierpen. Iwwer Drotseeler oder alt mol Staange sinn déi Hiewele mat de jeeweilege Weichen oder Signaler (Stellungsariichtungen) verbonnen. Sou een Drotseel ka bis zu 1 km laang sinn. Mechanesch Stellwierker funktionéieren nom Verschlossplangprinzip. D'Signal- an d'Weichenhiewele si mechanesch sou matenee verbonnen, datt de Fuerdéngschtleeder e Signal nëmmen dann a Faartstellung brénge kann, wann all d'Konditioune fir déi gewënscht Fuerstrooss zoutreffen.

Mechanesch Stellwierker kënne wann de Kraaftopwand ze grouss ass, elektresch, pneumatesch oder hydraulesch ënnerstëtzt ginn. Garen déi mat sou Stellwierker ekipéiert goufen, waren z. B. ëm 1910 d'Gare Saint-Jean vu Bordeaux[1] an d'Gare du Nord vu Paräis.

Elektronescht Stellwierk änneren

An engem elektronesche Stellwierk ginn d'Signaler an d'Weiche mat Hëllef vu Computere gesteiert. Dat kann entweeder reng elektronesch oder mat Relaise geschéien. D'Signaler sinn ausschliisslech Liichtsignaler.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Elektronescht Stellwierk.

 
D'Stellwierksgebai vu Gouvy

Referenzen änneren

  1. Les Deux Révolutions industrielles du XXe siècle: 1880-1993