Agrocenter Miersch

Gebai zu Miersch

Den Agrocenter zu Miersch war e Gebaierkomplex bei der Gare vu Miersch, dee vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral (Centrale paysanne luxembourgeoise; Cepal) bedriwwe gouf.

Agrocenter Miersch
Den Agrozenter (2018)
Land Lëtzebuerg
Plaz Miersch
Koordinaten 49° 45’ 16.5’’ N 6° 06’ 47.9’’ O
Fläch 140.000 Quadratmeter
Statut 2019 ofgerappt
Datum vum Bau 1958 -1959
D'Siloe vun der Gare aus gekuckt; 1995.

De Komplex bestoung aus markante Siloe fir Kären, der Kärenhal (wou d'Kären ofgeliwwert a gewie goufen) an administrative Gebaier.

De Grondstee gouf den 10. Februar 1958 geluecht, an den 12. November 1959 konnten d'Gebaier ageweit ginn.[1] 1961 gouf d'Société d'exploitation des silos de la Centrale paysanne, kuerz: Silocentrale, gegrënnt. Dës gouf 2004 un de Versis-Grupp verkaaft. 2012 huet de Verband decidéiert, den neien Agrozenter zu Perl am Saarland ze bauen, iwwerdeems op Colmer-Bierg e Lager fir Käre komme soll.[2]

D'Kärenhal zu Miersch gouf wéinst hirer opfälleger Architektur den 13. Juli 2018 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter klasséiert. Hir Struktur besteet aus dräi Stolbetongsbéi, déi aus dem no ënnen 'duerchgebéiten' Daach erauskucken. Ma d'Decisioun, datt dee ganze Site ofzerappe wier, blouf oprechterhalen a sou gouf d'Hal am November 2018 nees vun der Lëscht gestrach.[3]

Am Januar 2019 hunn d'Demolitiounsaarbechten ugefaangen.[4]

Wann alles opgerappt ass, soll do, op enger Fläch vu 14 ha, den urbanistesche Projet Rives de l'Alzette realiséiert ginn, eng 1.000 Wunnenge fir 2.000 bis 2.500 Leit.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Rives de l'Alzette.

De Fotograf Christian Aschman huet d'Gebai, ier et ofgerappt gouf, fir den CNA fotografesch dokumentéiert an déi Fotoen 2020 deelweis an engem Buch publizéiert[5].

Literatur änneren

  • Antoinette Lorang: "Le Silo de Mersch - une architecture agro-industrielle exceptionnelle". In: Christian Aschman. Hors Champs. (éd. par Marguy Conzémius CNA), Dudelange 2020, p. 88-113.

Um Spaweck änneren

Commons: Agrocenter (Mersch) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Nadine Scharz: "Was bleibt, ist die Erinnerung." wort.lu, 08-01-2019;
  2. "Agrozenter wird in Perl gebaut." wort.lu, 15.03.2012.
  3. "Vum Site vun der Mierscher Bauerenzentral wäert guer näischt méi iwwreg bleiwen." rtl.lu, 19.11.2018, 16:04:17.
  4. "Agrozenter Mersch: Die Abrissbirne ist am Werk." wort.lu, 16.01.2019.
  5. Céline Coubray: "Mémoire sensible de l'Agrocenter à Mersch." paperjam.lu, 31.05.2020