Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'CFL-Serie 2300 ass eng Serie vu Stadler KISS Zich, déi vun der CFL haaptsächlech am Regionalverkéier tëscht Lëtzebuerg a Koblenz agesat ginn. KISS heescht: Komfortablen Innovative Spurtstaarken S-Bunnzuch. D'CFL huet 21 där Rammen a se si vun 2301 bis 2321 nummeréiert.

CFL 2300
Eng Ramm an der Gare vu Lëtzebuerg
Constructeur Stadler Rail
Baureiebezeechnung KISS
Bedreiwer CFL
Baujoer 2013
Benotzt a(n) Lëtzebuerg, Däitschland
Besteet aus 3 Këschten
Stéckzuel 21
Statut An Déngscht
Technesch Detailer
Bauaart 2'Bo' + 2'2' + Bo'2'
Spuerbreet Normalspuer
Déngschtmass 170,10 t
Längt iwwer Puffer 79,840
Héchstvitess 160 km/h
Zuchsécherungs-
System(er)
LUXLUX ETCS
DEUDEU PZB 90

Geschicht

änneren

Den 12. Oktober 2010 huet d'CFL bekannt gemaach, 8 KISS-Ramme bei Stadler Rail bestallt ze hunn.[1]

Den 29. September 2014 gouf déi éischt dovun zu Waasserbëlleg vum CFL-Generaldirekter Marc Wengler, dem Direkter fir de Persounenverkéier, Marc Hoffmann, an dem Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, François Bausch, virgestallt. Zanter Dezember 2014 gi se regulär agesat.[2]

Am Ganze goufen, op dräi Bestellunge verdeelt, 21 Ramme kaaft. Déi zwou lescht (2320 an 2321) goufen 2020 ausgeliwwert.

Um Spaweck

änneren
Commons: CFL 2300 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (de) Communiqué
  2. (de) Ein „Kiss“ für die Grenzgänger (Archivéiert). wort.lu, 2014.