Tour of Qatar
Etappecourse mam Vëlo
Den Tour of Qatar ass eng Etappecourse mam Vëlo déi zanter 2002 am Katar gefuer gëtt.
D'Course gëtt vun der Vëlosfederatioun vum Katar (Qatar Cycling Federation) an Zesummenaarbecht vun Amaury Sport Organisation (A.S.O.) organiséiert.
Zanter 2005 gehéiert den Tour of Qatar zum UCI Asia Tour a rangéiert zanterhier an der Klass 2.1.
Vun 2002 bis 2006 gouf den Tour of Qatar a fënnef Etappe gefuer. 2007 ass eng sechst Etapp a Form vun engem Ekippenzäitfueren derbäikomm.
Well d'Organisateuren net genuch Sponsore fonnt hunn sinn d'Editiounen 2017 an 2018 vum Tour of Qatar a vum Ladies Tour of Qatar annuléiert ginn.[1]
Trikoten an der Course
änneren- Gëllenen Trikot: 1. am Generalklassement
- Sëlweren Trikot: 1. am Punkteklassement (Sprint)
- Bloen Trikot: 1. am Klassement vun de Jonken
D'Gewënner
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Union Cycliste Internationale: UCI statement on Tour of Qatar (8. Dezember 2016)