Deutschland Tour
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Deutschland Tour ass eng Etappecourse mam Vëlo déi an Däitschland gefuere gëtt.
Historique
ännerenVum 21. bis de 27. Mee 1911 ass d'Course fir d'éischt gefuer ginn. Den Depart vun der Ettapecourse mam deemolegen Numm Quer durch Deutschland iwwer eng total Distanz vu 1.493 km war zu Breslau. D'Arrivée vun der sechster a leschter Etapp war zu Oochen. Organisateur war d'Allgemeine Radfahrer-Union déi vun der daïtscher Vëlosindustrie finanziell ënnerstëtzt gouf.
De Nicolas Frantz ass 1931 an där Course, déi dat Joer Internationale Opel-Deutschland-Rundfahrt geheescht huet, op déi drëtt Plaz komm.
1947, bei der éischter Oplo vun der Course nom Krich ass keen Tour an Etappe gefuer ginn. D'Grünes Band vom Rhein, wéi d'Course an deem Joer geheescht huet, war e Generalklassement dat aus sechs Kriteriume bestanen huet, déi an engem Zäitraum vu sechs Méint gefuer goufen. Et waren dat d'Kriteriume vu Solingen, Bonn, Düsseldorf, Köln, Oochen a Mönchengladbach.
Den Herrmann Schwartz huet et 1948, mat Hëllef vu Partner déi him fianziell an organisatoresch zur Säit stoungen, fäerdegbruecht erëm en Tour mat aacht Etappen op d'Been ze stellen. D'Course huet deemools d'Grüne Band der IRA (Interessengemeinschaft Radsport) geheescht. Nodeem d'Course ouni Ënnerbriechung all Joer vun 1948 bis 1952 gefuer gouf, war et mam Doud vum Herrmann Schwartz mat deem Kapitel op en Enn.
Duerno huet am Joer 1955 d'Zweeradfirma Fritz Wenk dofir gesuergt dat d'Course erëm gefuer géif ginn. Et ass awer bei der Première bliwwen.
Vun 1960 bis 1963 ass d'Internationale Afri-Cola Deutschland-Rundfahrt gefuer ginn.
No enger laanger Paus ass 1979 probéiert ginn d'Course erëm ze relancéieren an dat mat Hëllef vum Titelsponor Vitamalz. Déi éischt Oplo mam Numm Internationale Vitamalz-Rundfahrt war awer zu gläicher Zäit déi lescht.
Vun 1980 bis 1982 gouf d'Deutschland-Rundfahrt vun der Firma Sport Promotion G.m.b.H organiséiert. Nodeem déi Firma en Defizit vun 300.000 DEM (ronn 153.000 EUR) op der Lee hat, war et virleefeg eriwwer mat der Course.
En neien Ulaf ass 1998 geholl ginn andeems déi däitsch Vëlosfederatioun Bund Deutscher Radfahrer e. V. an d'hamburger Sportsfirma Upsolut Sports A.G. d'Firma Deutschland Tour G.m.b.H. gegrënnt ginn ass. Dës Firma huet als Zweck fir an Däitschland eng Etappecourse z'etabléieren an ofzewéckelen. Op déi Manéier goufen d'Virausetzunge geschaf fir d'Deutschland Tour, wéi d'Course zanter der Neioplo am Joer 1999 heescht, erëm all Joer ënner professionelle Bedéngungen z'organiséieren. Tourdirekter ass zanterhier de Kai Rapp, Direkter vun der Deutschland Tour GmbH.
Vun 2009 bis 2017 gouf den Tour op Äis geluecht. Haaptgrënn waren datt déi däitsch Tëleeschaînen ARD an ZDF d'Tour net live op der Tëlee wollte weise, an doduerch e ganze Koup u Recetten duerch Sponsoring ewechfalen.
Zanter 2018 gëtt d'Tour nees gefuer, Organisator ass d'Amaury Sport Organisation.
D'Gewënner
ännerenQuer durch Deutschland
ännerenGroßer Preis von Deutschland
ännerenGroßer Opelpreis von Deutschland
ännerenDeutschland Rundfahrt
ännerenInternationale Opel-Deutschland-Rundfahrt
ännerenInternationale Deutschland-Rundfahrt
änneren1937: Otto Weckerling | Däitschland |
1938: Hermann Schild | Däitschland |
Großdeutschlandfahrt, Deutschland-Rundfahrt für Berufsfahrer
ännerenDas "Grüne Band vom Rhein"
ännerenDas "Grüne Band der IRA", kleine Deutschland-Rundfahrt
ännerenDas "Grüne Band der IRA", Quer durch Deutschland
ännerenDeutschland-Rundfahrt
änneren1950: Roger Gyselinck | Belsch |
1951: Guido de Santi | Italien |
1952: Isidore Derijck | Belsch |
1955: Rudi Theißen | Däitschland |
Internationale Afri-Cola Deutschland-Rundfahrt
änneren1960: Albert Geldermans | Holland |
1961: Friedhelm Fischerkeller | Däitschland |
1962: Peter Post | Holland |
Internationale Vitamalz-Rundfahrt
ännerenDeutschland-Rundfahrt
änneren1980: Gregor Braun | Däitschland |
1981: Silvano Contini | Italien |
1982: Theo de Rooy | Holland |
Deutschland Tour
ännerenUm Spaweck
änneren- Offiziell Websäit vun der Deutschland Tour
- Historesch Informatiounen iwwer d'Deutschland Tour op der Websäit vun Cycling4fans
- Resultater vun der Deutschland Tour op der Websäit vu Mémoire du Cyclisme
- Websäit vun Upsolut Sports AG
Commons: Deutschland Tour 2006 – Biller, Videoen oder Audiodateien |