Vichy

Franséisch Gemeng am Allier
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Vichy ass eng franséisch Stad am Departement Allier an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes

Vichy

Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Allier
Arrondissement Vichy
Kanton Vichy-1 / Vichy-2
Postcode 03200
Gemengecode 03310
Koordinaten 46° 07’ 40’’ N
      03° 25’ 36’’ O
Fläch  585 ha
Bevëlkerung  25 068 (2015)
D'Gemengegrenzen

D'Gemengegrenzen
D'Gemengegrenzen

Geographie

änneren

Vichy läit um rietsen Uwänner vum Allier, dem Haaptniewefloss vun der Loire um Bord vum Limagne-Flaachland an der Montagne bourbonnaise. Duerch d'Uertschaft leeft de Sichon deen allerdéngs um Territoire vu Vichy ganz an engem Bëtongsbett leeft.

D'Stad ass haaptsächlech fir seng Heelquelle bekannt. D'Waasser vu Vichy gëtt iwwregens ënner den Nimm Vichy Célestins a Vichy Saint-Yorre weltwäit a Fläsche verkaaft.

E ganze Koup vu Fräizäit- a Sportinstallatiounen déi ënner dem Hutt vu Vichy bedriwwe ginn, wéi de z. B. de Golfclub oder den Hippodrom, fir nëmmen déi ze nennen, leien op Nopeschgemengen.

Nopeschgemengen

änneren

Geschicht

änneren

Wärend dem Zweete Weltkrich war Vichy, am onbesate Frankräich, bis 1942 d'7. Arméi vun der Wehrmacht, no der alliéierter Landung an Nordafrika, deen Deel och besat huet, de Sëtz an domat de facto d'Haaptstad vum État français deen, ënner der Leedung vum Marschall Philippe Pétain, Pierre Laval, François Darlan a Pierre-Étienne Flandin enk mat Nazidäitschland kollaboréiert huet. Vichy hat, als Thermalstad, vill grouss a confortabel Hotellen, an deenen dem Pétain seng Ministere sech mat hire Servicer a Famillje konnten aquartéieren. Dofir gouf Vichy nodeems Tours a Bordeaux[1] besat waren a Clermont-Ferrand[2] sech als ze kleng erwisen hat, als Regierungssëtz erausgesicht. Deem Ëmstand hat Vichy et och ze verdanken, datt et amplaz vu Lapalisse eng Ënnerprefecture gouf an et nom Krich blouf.

Um Spaweck

änneren
Commons: Vichy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. Tours a Bordeaux waren zäitweis am Juni 1940 de Sëtz vun der Franséischer Regierung
  2. Clermont-Ferrand war Sëtz vun der Regierung vun no der Armistice bis Ufanks Juli 1940