Aigurande

franséisch Gemeng
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Aigurande, ass eng franséisch Gemeng am Departement Indre, an der Regioun Centre. Et ass och den Haaptuert vun 1 Kanton.

Aigurande
Land Frankräich
Regioun Centre-Val de Loire
Departement Indre
Arrondissement La Châtre
Kanton Aigurande
Postcode 36140
Gemengecode 36001
Koordinaten 46° 26’ 05’’ N
      01° 49’ 47’’ O
Fläch  2 777 ha
Bevëlkerung  1 668 (2006)

Geographie änneren

Aigurande läit op der Grenz vum Departement Indre mat der Creuse. Duerch d'Gemeng lafe ronn eng Dose Baachen a kleng Flëss[1], wouvun déi gréisst d'Bouzanne en Niewefloss vun der Creuse, an d'Vauvre en Niewefloss vun der Indre, sinn.

Geschicht änneren

Aigurande gëtt 1087 als Besëtz vun der Abtei vu Marmoutier ernimmt. Am 17. Joerhonnert gëtt Aigurande aus dem Berry erausgeholl an un Marche ugeschloss.

D'Gemeng huet am Laf vun de Joren zu de Seigneurerien Déols (1012), Chauvigny (1199), a La Roche-sur-Yon (1475), gehéiert.

Transport a Verkéier änneren

Aigurande ass iwwer véier Departementalstroossen un de Verkéier ugeschloss an zwar: D6, D951, D951b an D990

Klasséiert Monumenter änneren

Aigurande am Sport änneren

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. Sandre
  2. http://www.patrimoine-de-france.org/oeuvres/richesses-25-8494-65765.html#fiche

Um Spaweck änneren

Commons: Aigurande – Biller, Videoen oder Audiodateien