Tour de France 2012

Tour de France 2012 Cycling (road) pictogram.svg
Bradley Wiggins, 2012 Tour de France finish.jpg
Detailer
Course99. Tour de France
KompetitiounUCI World Tour 2012 2.UWT
Etappen21
Datumer30. Juni – 22. Juli 2012
Distanz3.494,4 km
LännerFRA Frankräich
BEL Belsch
SUI Schwäiz
DepartLéck
ArrivéeParäis
Ekippen22
Um Depart198
Ukomm153
Vitess (Moyenne)39,9 km/h
Palmarès
GewënnerGBR Bradley Wiggins (Sky)
ZweetenGBR Christopher Froome (Sky)
DrëttenITA Vincenzo Nibali (Liquigas-Cannondale)
Beschte SprinterSVK Peter Sagan (Liquigas-Cannondale)
BiergpräisFRA Thomas Voeckler (Europcar)
Beschte JonkenUSA Tejay van Garderen (BMC Racing Team)
KombativitéitDEN Chris Anker Sørensen (Saxo Bank-Tinkoff Bank)
EquipeLUX RadioShack-Nissan
2012 Tour de France map.png
◀20112013▶
Commons-logo.svgDokumentatioun Wikidata-logo S.svg

Den Tour de France 2012 war déi 99. Editioun vum Tour de France. En huet den 30. Juni 2012 zu Léck an der Belsch ugefaangen a koum den 22. Juli 2012 zu Paräis un. D'Course hat eng total Distanz vun 3.494 Kilometer. 198 Coureure aus 31. Natioune sinn an 22 Ekippen un den Depart gaangen, 153 dovun hunn et och iwwer d'Zillinn gepackt.

Den Tour gouf vum Britt Bradley Wiggins gewonnen, dee vun der 7. Etapp un de Gielen Trikot net méi ausdoe sollt. De Gewënner vum Joer virdrun, de Cadel Evans koum wäit hannendru just op Plaz 7 vum Generalklassement.

Den Andy Schleck konnt wéinst enger Chute e puer Woche virdru beim Critérium du Dauphiné net matfueren. Säi Brudder Fränk Schleck gouf de 14. Juli positiv op d'Diuretikum Xipamid getest, wat zwar keen Dopingmëttel ass, mä zur Verschleierung vun Doping benotzt ka ginn an dowéinst trotzdeem net zougelooss ass. Obwuel dee Befonnt net zwangsleefeg zu enger Sanktioun hätt féiere missen huet seng Ekipp e prompt aus dem Tour zeréckgezunn.

StreckÄnneren

Um Programm stoungen néng Flaachetappen, véier Etappe mat Hiwwelen a sechs Biergetappen, dorënner der véier mat Biergarrivée.

Et war den éischten Tour zanter dräi Joer bei deem den Depart a Frankräich ass, an zwar tëscht dem Passage du Gois an dem Mont des Alouettes an der Vendée.

Déi éischt dräi Etappe goufe komplett an der Belsch gefuer, eréischt duerno ass den Tour a Frankräich komm. Anescht wéi zior goung et nees mat engem Prolog lass, engem kuerzen Zäitfueren zu Léck. Am weidere Verlaf gouf et nach zwou weider Etappe mat individuellem Zäitfueren, en Ekippenzäitfuere war dogéint net virgesinn.

Klassementer no der 21. EtappÄnneren

Generalklassement
Coureur Ekipp Zäit
1 GBR  Bradley Wiggins   GBR  Team Sky an 87h 34 min 47 s
2 GBR  Chris Froome GBR  Team Sky + 3 min 21 s
3 ITA  Vincenzo Nibali ITA  Liquigas-Cannondale 6 min 19 s
4 BEL  Jurgen Van Den Broek BEL  Lotto-Belisol 10 min 15 s
5 USA  Tejay van Garderen   USA  BMC Racing Team 11 min 04 s
6 ESP  Haimar Zubeldia   LUX  RadioShack-Nissan 15 min 41 s
7 AUS  Cadel Evans USA  BMC Racing Team 15 min 49 s
8 FRA  Pierre Rolland FRA  Europcar 16 min 26 s
9 SLO  Janez Brajkovič KAZ  Astana 16 min 33 s
10 FRA  Thibaut Pinot FRA  FDJ-BigMat 17 min 17 s
Punkteklassement
Coureur Ekipp Punkten
1 SLK  Peter Sagan   ITA  Liquigas-Cannondale 421
2 DEU  André Greipel BEL  Lotto-Belisol 280
3 AUS  Matthew Goss AUS  Orica-GreenEDGE 268
Biergpräis
Coureur Ekipp Punkten
1 FRA  Thomas Voeckler   FRA  Europcar 135
2 SWE  Fredrik Kessiakoff KAZ  Astana 123
3 DEN  Chris Anker Sørensen   DEN  Team Saxo-Tinkoff 77
Beschte jonke Coureur
Coureur Ekipp Zäit
1 USA  Tejay van Garderen   USA  BMC Racing Team a 87 h 45 min 51 s
2 FRA  Thibaut Pinot FRA  FDJ-BigMat + 6 min 13 s
3 NED  Steven Kruijswijk NED  Rabobank 1 h 05 min 48 s
Ekippen
Ekipp Land Zäit
1 LUX  RadioShack-Nissan     Lëtzebuerg an 263 h 12 min 14 s
2 GBR  Team Sky   Vereenegt Kinnekräich + 5 min 46 s
3 USA  BMC Racing Team   USA 36 min 29 s

Um SpaweckÄnneren

Commons: Tour de France 2012 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 |12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22