Fornax (Stärebild)
De Fornax ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Fornax | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Cheemeschen Uewen |
Laténgeschen Numm | Fornax |
Laténgesche Genitiv | Fornacis |
Laténgesch Ofkierzung | For |
Rektaszensioun | 1h 40m bis 3h 40m |
Deklinatioun | -23° bis -39° |
Fläch | 398 Quadratgrad |
Siichtbar op Breetegrad | 50° Nord bis 90° Süd |
Bescht Observatiounszäitraum |
Spéithierscht |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Fornacis 3.87 |
Meteorstréim | keng |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Cetus |
![]() |
Beschreiwung änneren
Fornax ass en onschäinbaart Stärebild, dat sech aus liichtschwaache Stären zesummesetzt. Nëmmen ee Stär erreecht déi 3. Gréissteklass. D'Stärebild ass zum gréissten Deel vum ausgedeenten Eridanus ëmginn.
De Fornax ass vollstänneg nëmme südlech vum 47 Grad Breetekrees (am Spéithierscht déif iwwer dem Horizont) an um Südhimmel ze gesinn.
Am Stärebild ass de Fornax-Galaxiëkoup, deen 18 Galaxien huet. Mat enger Distanz vu ronn 60 Millioune Liichtjoer ass en no dem Virgo-Galaxiëkoup den zweetnooste Galaxiëkoup zur Äerd.
Am Fornax ass och d'Fornax-Zwerggalaxis. Si gehéiert allerdéngs net zum Fornax-Galaxiëkoup, mä ass mat nëmme 450.000 Lichtjoer Distanz e Member vun der Lokaler Grupp, zu där och eis Mëllechstrooss gehéiert.
Geschicht änneren
D'Stärebild gouf am Joer 1756 ënner dem Numm „Fornax chemica“ vum Nicolas Louis de Lacaille zu Éiere vum Cheemiker Antoine Laurent de Lavoisier agefouert. De Johann Elert Bode huet et a sengem Stärekatalog „Uranographia“, iwwerholl als „Apparatus chemicus“.
Tëscht de Joren 2003 an 2004 huet d'Hubble-Weltraumteleskop an engem relativ stärenaarme Beräich am Fornax d'Hubble Ultra Deep Field opgeholl. D'Fotoe weisen ongeféier 9.500 Galaxien, woubäi déi wäitst eng Routverrécklung vu ronn 7 opweisen.
Himmelsobjeten änneren
Stären änneren
B | F | Nimm ab aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 3,80m | 40 | F7 + G7 | ||
β | 4,45m | 200 | G7 III | ||
ν | 4,45m | ||||
ω | 4,96m | ||||
δ | 4,99m | ||||
φ | 5,13m | ||||
κ | 5,19m | ||||
μ | 5,27m | ||||
π | 5,34m | ||||
γ2 | 5,13m | ||||
η3 | 5,48m | ||||
ρ | 5,52m | ||||
ζ | 5,69m | ||||
χ2 | 5,71m | ||||
ι1 | 5,74m | ||||
λ2 | 5,78m | ||||
ι2 | 5,13m | ||||
ε | 5,88m | ||||
λ1 | 5,91m | ||||
σ | 5,91m | ||||
η2 | 5,92m | ||||
ψ | 5,93m |
De β Fornacis ass ronn 200 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Stär, dee giel liicht mat der Spektralklass G7.
Duebelstären änneren
Objet | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 3,9m/5,8m | 5,2" |
ω | 4,9m/7,9m | 10,8" |
Den α Fornacis, den hellste Stär am Fornax, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 40 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen F7 a G7.
NGC-Objeten änneren
NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
1360 | 8m | Planetareschen Niwwel | ||
MCG -06-07-001 | 9,3m | Galaxis | Fornax-Zwergalaxis | |
1316 | 8,2m | Galaxis | ||
1344 | Galaxis | |||
1350 | Galaxis | |||
1365 | 9,3m | Galaxis | ||
1374 | Galaxis | |||
1381 | Galaxis | |||
1380 | Galaxis | |||
1387 | Galaxis | |||
1398 | Galaxis | |||
1399 | 8,8m | Galaxis | ||
1404 | Galaxis | |||
1425 | Galaxis |
Am Fornax ass den NGC 1360, mat engem Duerchmiesser vun 390 Bousekonnen, ee vun de gréisste Planetareschen Niwwelen.
D'Fornax-Zwerggalaxis huet eng kleng Flächenhellegkeet, a gouf dofir eréischt am Joer 1938 vum Harlow Shapley op fotografesche Plakken entdeckt.
14 Membere vum Fornax-Galaxiëkoup si méi hell wéi 11,5m an doduerch schonn am Amateur-Teleskop gutt ze gesinn.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Fornax – Biller, Videoen oder Audiodateien |