Hubble Ultra Deep Field

Bild vum Universum

Den Hubble Ultra Deep Field (HUDF) ass e Bild vun enger klenger Himmelsregioun, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop iwwer en Zäitraum vum 3. September 2003 bis 16. Januar 2004. Et war bis zu der Publikatioun vum Hubble Extreme Deep Field am September 2012 da déifste Bild vum Universum, dat jee am Beräich vum visuelle Liicht opgeholl gouf. Dobäi gouf eng Himmelsregioun ausgewielt, déi kaum stéierend hell Stären am Virfeld huet. Et gouf sech fir en Zilgebitt am Stärebild Fornax südwestlech vum Orion entscheet. D'Positioun vum Zilgebitt ass: Rektaszensioun 3h 32 m 39,0s an Deklinatioun −27° 47' 29,1″. Den Duerchmiesser vum gewielten Himmelsausschnëtt entsprécht aus Siicht vun der Äerd ongeféier engem Zéngtel vum Moundduerchmiesser. Dat entsprécht enger 1 mm mal 1 mm grousser Fläch op enger Distanz vun engem Meter a stellt ongeféier en Dräizéng-milliounstel vum ganze visuellen Himmel duer. Den HUDF enthält ronn 10.000 Galaxien a grouss kosmesch Objete. Et besteet aus zwou separate Biller duerch den Hubbles „Advanced Camera for Surveys“ (ACS) an dem „Near Infrared Camera and Multi-Object Spectrometer“ (NICMOS). D'Bild entstoung aus 800 Eenzelbeliichtunge, déi wärend 400 Äerdëmkreesunge vum Hubble duerchgefouert goufen. Déi ganz Beliichtungszäit hat 11,3 Deeg fir ACS a 4,5 Deeg fir NICMOS gedauert. Fir de ganzen Himmel an dëser Opléisung z'observéieren, géif den Hubble Weltraumteleskop eng Millioun Joer brauchen.[1]

Den HUDF weist Galaxien vu verschiddenem Alter, verschiddener Gréisst a Form. Déi klengst, routst Galaxien, ongeféier ronn 100, gehéieren zu deene Galaxien, déi am Ament am wäitste vun eis ewech leien. No der Theorie iwwer den Urknall virun zirka 13,8 Milliarde Joer sinn dës Galaxien an engem Stadium ze gesinn, wou den Universum just 800 Millioune Joer al war.

Den Hubble Ultra Deep Field steet an der Traditioun vum Hubble Deep Field an dem Hubble Deep Field South, déi mat der aler Kamera WFPC2 opgeholl goufen, manner déif sinn an e méi klengt Feld ofdecken. Nom Abau vun der WFC3/IR-Kamera gouf de selwechten Himmelsberäich Enn August 2009 am noen Infrarout bei de Wellelängte 1,05, 1,25 an 1,6 Mikrometer als HUDF09 iwwer véier Deeg mat enger Beliichtungszäit vun 48 Stonnen opgeholl[2]

Wëssenschaftlech Bedeitung änneren

 
Dat selwecht Bild wéi uewen a méi grousser Opléisung

Den HUDF weist déi liichtschwaachst Galaxien, an domat och déi Objeten déi am wäitste leien (et gëtt vun der „Déift“ vun der Foto geschwat). Wéinst der endlecher Liichtvitsse dauert d'Liichtlafzäit vun de wäitste Galaxië bis op d'Äerd iwwer 13 Milliarde Joer. Nom kosmologesche Standardmodell kuckt een an d'Fréizäit vum Universum 800 Millioune Joer nom Urknall zeréck. D'Foto weist deemno e puer vun den éischte Galaxien, déi nom sougenannten donklen Zäitalter entstane sinn. Ënnersich iwwer d'Genesis an d'Entwécklung vu Galaxië waren d'Haaptmotivatioun fir de Projet.

Tatsächlech weist den HUDF drop hin, datt z. B. den Deel vun irreguläre Galaxien mat der Routverrécklung, also der Distanz, zouhëlt, déi duerchschnëttlech Galaxiëgréisst dogéint ofhëlt. D'Stäregenesisquot war bei héijer Routverrécklung däitlech méi héich wéi haut.

Bei der Interpretatioun vun den Observatioune ass ze beuechten, datt Liicht, wat mer vu wäit ewechleiende Galaxien am visuelle Beräich observéieren, wéinst der kosmologescher Routverrécklung tatsächlech am Ultravioletten fortgeschéckt gouf. Visuell Observatioune vun der Morphologie vu wäite Galaxien mussen dofir mat den entspriechenden Observatioune vu lokale Galaxien am Ultraviolette verglach ginn. Alternativ kann een distanzéiert Galaxien am infraroude Liicht observéieren, dat als visuellt Liicht vun de Galaxië fortgeschéckt gouf. Heibäi spillen d'Spitzer-Weltraumteleskop (gestart de 25. August 2003) an d'Herschel-Weltraumteleskop (gestart de 14. Mee 2009) souwéi de Nofollger vum HST, de James Webb Space Telescope (gestart 2021), eng Roll. Dat lescht ass fir Observatioune am noen Infrarout ausgeluecht.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Hubble Ultra Deep Field – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Hubble's Deepest View Ever of the Universe Unveils Earliest Galaxies, NASA, 9. Mäerz 2004
  2. Hubble's Deepest View of Universe Unveils Never-Before-See Galaxies, NASA, 12. August 2009