Sculptor (Stärebild)
De Sculptor (Latäin) ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Sculptor | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Sculpteur |
Laténgeschen Numm | Sculptor |
Laténgesche Genitiv | Sculptoris |
Laténgesch Ofkierzung | Scl
|
Rektaszensioun | 23h 6m bis 1h 46 |
Deklinatioun | -24° 50' bis -39° 25' |
Fläch | 475 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 50° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht (nëmmen deelweis siichtbar) |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Sculptoris, 4,31m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Cetus Aquarius Piscis Austrinus Grus Phoenix Fornax |
BeschreiwungÄnneren
De Sculptor ass en onschäinbaart Stärebild westlech vum helle Stär Fomalhaut am Piscis Austrinus. Kee vu senge Stären ass méi hell wéi 4. Gréissteklass. Wéinst senger Lag kann ee vu Mëtteleuropa aus nëmmen den nërdlechen Deel gesinn.
Am Sculptor läit de galaktesche Südpol, duerch hie geet d'„Dréiachs“ vun eiser Mëllechstrooss.
Am Stärebild sinn e puer interessant Galaxien, dorënner de Sculptor System, eng Galaxiëgrupp déi 8 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.
GeschichtÄnneren
D'Stärebild gouf am Joer 1756 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille ënner dem Numm l'Atelier de Sculpteur (Sculpteursatelier) agefouert. Spéider gouf doraus de Sculpteur.
HimmelsobjetenÄnneren
StärenÄnneren
B | F | Numm an aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 4,30m | 673 | B7 IIIp | ||
β | 4,38m | 178 | B9.5 IVpHgMnEu | ||
γ | 4,41m | 179 | K1 III | ||
δ | 4,59m | 144 | A0 V | ||
η | 4,86m | 548 | M2 / M3 III | ||
ζ | 5,04m | 510 | B4 V | ||
ι | 5,18m | 311 | G5 III | ||
θ | 5,24m | 71 | F3 / F5 V | ||
π | 5,25m | 217 | K1 II/III | ||
ε | 5,29m | 89 | F2 IV | ||
μ | 5,30m | 291 | K0 III | ||
κ2 | 5,41m | 581 | K2 III | ||
κ1 | 5,42m | 224 | F3 V | ||
HR 445 | 5,49 | 265 | K1 / K2III | ||
σ | 5,50m | 227 | A1 / A2 IV | ||
ξ | 5,59m | ||||
τ | 5,69m | ||||
λ2 | 5,90m | ||||
λ1 | 6,05m |
DuebelstäreÄnneren
Objet | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
ε Scl | 5,4m/8,6m | 4,7" |
κ1 Scl | 6,1m/6,2m | 1,7" |
τ Scl | 6,0m/7,1m | 2,2" |
De κ1 Sculptoris ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 100 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu der Spektralklass F2.
D'System τ Sculptoris ass 120 Liichtjoer ewech a besteet aus zwéi Stäre vun de Spektralklassen F1 an F7.
Verännerlech StärenÄnneren
Objet | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
α | SX Arietis-Stär | ||
σ | α2 Canis Venaticorum-Stär |
Den hellste Stär am Scupltor, α Sculptoris, ass 673 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e bloelzege Stär aus der Spektralklass B7 III. Et ass e verännerleche Stär vum Typ SX Arietis.
NGC-ObjetenÄnneren
NGC | Verschiddenes | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
55 | 8,1m | Galaxis | ||
134 | 10,4m | Galaxis | ||
253 | 7,6m | Galaxis | Sculptor-Galaxis | |
288 | 8,1m | Kugelstärekoup | ||
300 | 8,1m | Galaxis | ||
613 | 10,1m | Galaxis | ||
7507 | 10,4m | Galaxis | ||
7793 | 8,1m | Galaxis |
D'Galaxien 55 an 253 am Sculptor an den 247 am Cetus maachen eng vereente Galaxiëgrupp op enger Distanz vun 8 Millioune Liichtjoer.
Den NGC 55 ass eng Galaxis, déi een op hir Kant gesäit.
Den 253 ass no dem Andromedaniwwel déi zweethellst Spiralgalaxis um Himmel. Och déi Galaxis gesäit een op hir Kant.
Den 288 ass ee Kugelstärekoup, deen 30.000 Liichtjoer wäit ewech ass.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Sculptor (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |