Südleche Stärenhimmel

De Südleche Stärenhimmel ass déi Hallschent vum Stärenhimmel, déi südlech vum Himmelsequator läit. Hie ka vum Südpol aus ganz iwwerbléckt ginn.

De südleche Stärenhimmel, eng Graphik vum Benotzer:Roberto Mura,
(Legend engl.)

Bei gudde Siichtbedingungen ëmfaasst hien iwwer 2.000 mat bloussem A siichtbar Fixstären, beim Gebrauch vun enger Spektiv ongeféier 20.000 bis 40.000 Stären. A Groussstied gesäit ee jee no Liicht- a Loftverschmotzung ongeféier 300 bis 500 Stären. Déi hellst Stäre sinn all méi grouss wéi eis Sonn. Mat -1.5 mag ass de Sirius am Stärebild Canis Major) den hellste Stär um ganzen Himmel. Hien ass duebel sou grouss wéi eis Sonn an ass 8 Liichtjoer von eis ewech. Och de Canopus an dee mat 4 Liichtjoer nächste Fixstär Toliman (α Centauri) stinn um südlechen Himmel, allerdéngs mat ronn 60° südlecher Deklinatioun sou no um Pol, datt béid vu Mëtteleuropa aus net ze gesi sinn.

De südlechen Himmel weist eppes méi Stäre wéi de nërdleche Stärenhimmel, well den Zentrum vun der Mëllechstrooss ongeféier 20° südlech vum Equator (am Stärebild Sagittarius) läit. Vun de 14 hellste Stären (bis Hellegkeet 1,0) sinn der all Kéier 7 um Nord- a Südhimmel.

Den exakten Zentrum vum südlechen Himmel ass déi verlängert Äerdachs, den Himmelssüdpol. Säi „Polarstär“ Sigma Octantis (σ Oct) ass awer nëmmen 0,04-mol sou hell wéi de Polarstär iwwer dem Nordpol, et ass nëmmen e Stärche vun der 5. Gréisst.

Opfälleg sinn ausser de Stärebiller Kräiz vum Süden a Scorpius och déi zwou Magellanesch Wolleken, déi kleng, onreegelméisseg geformt Begleeder vun der Mëllechstooss.

Am Iwwergank zum nërdlechen Himmel läit no beim Himmelsequator dat bekannt Stärebild Orion, dat bei eis e Wanterstärebild duerstellt, op der Südhemisphär dementspriechend am Summer ze gesinn ass, an zwar och nach am südleche Patagonien, wou et dann héich am Norden ze fannen ass.

Wärend een um Equator zu jiddwer Jores- an Nuetszäit genee d'Hallschent vum südlechen Himmel iwwerbléckt, gesäit een an de südleche Breete vun Australien oder Südafrika ongeféier zwee Drëttel, am déifste Südamerika méi wéi 80 Prozent vum Südhimmel, souwéi an nërdlecher Bléckrichtung en Deel vum Nërdleche Stärenhimmel.

Literatur

änneren
  • Svend Laustsen, (et al.): Entdeckungen am Südhimmel - ein Bildatlas der Europäischen Südsternwarte. Springer, Berlin 1987, ISBN 3-7643-1896-1
  • David Ellyard, Wil Tirion: The Southern Sky Guide. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2009, ISBN 978-0-521-71405-1

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie