Galaxiëkéip a Galaxiëgruppe sinn Usammlunge vu Galaxien am Universum.

kompakt Galaxiëgrupp HCG 87

Galaxië sinn net gläichméisseg am Raum verdeelt. Si trieden a Kéip an a Strukturen op. Zanter Ufank vun der Expansioun vum Universum si si ënner dem Afloss vun der Gravitatioun entstanen a vun där zesummegehale ginn. Galaxiëgruppen a Galaxiëkéip bilden nach méi grouss Objeten, d'Galaxiësuperkéip. Galaxië bei deenen een net direkt gesäit datt se en Deel vun enger Grupp oder engem Koup sinn, heesche Feldgalaxien. No haiteger Virstellung sinn all déi Strukturen Deeler vun enger groussraimeger, schaumaarteger Verdeelung vu Kéip a Filamenter, déi sech ëm Huelraim (engl. Voids) mat enger méi klenger Galaxiendicht gruppéieren. D'Entwécklung vun där groussraimeger Struktur aus klengen zoufällegen Dichtschwankungen nom Urknall, an ënner dem Afloss vun der Gravitatioun ass e wichtegt Theema an der Kosmologie.

Galaxiëgruppen änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Galaxiëgrupp.

Galaxiëkéip änneren

 
Galaxiëkoup Abell 1689, mat duerch Gravitatiounslënsenwierkung zu Béi verzerrten Hannergrondgalaxien

Galaxiëkéip hunn eng Gréisst vu bis zu e puer dausend Eenzelgalaxien, déi sech all mat ënnerschiddleche Vitessen am normale Schwéierfeld vum Koup beweegen. No dem Stand vun der Fuerschung si si déi gréisst Ënnerstrukturen, déi gravitativ gebonne sinn. D'Mass läit bei ongeféier 1014 bis 1015 Sonnemassen an engem Gebitt typescherweis 10 bis 20 MLj, mat Vitessen, déi ëm 500–1000 km/s streeën (sougenannt Pekuliarvitessen). Den Haaptdeel vun der Mass vu Galaxiëkéip gëtt vun Donkeler Matière ausgemaach (zirka 80 %). Galaxiëkéip si vun engem dënnen, 10 bis 100 Millioune K waarme Gas duerchdrongen, deen duerch seng Röntgestrahlung ze gesinn ass. Dëse Gas mécht zirka 15 % vun der Mass vun engem Galaxiëkoup aus. De Rescht vun der Mass (5 %) ass an de Stäre vun de Galaxien. An der Mëtt vu Galaxiëkéip ass dacks eng riseg Elliptesch Galaxis, wéi de Messier 87 am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup am Stärebild Virgo. Ee weidere Koup ass de Coma-Galaxiëkoup am Stärebild Coma Berenices.

An den dichten Zentralregioune vu Galaxiëkéip fënnt ee meeschtens Elliptesch Galaxien, wärend Galaxien um Rand vu Kéip, Galaxien a Gruppen a Feldgalaxië meeschtens Spiralgalaxië sinn.

Klassifizéierung vu Galaxiëkéip änneren

Änlech wéi sech Galaxien nom Schema vun der Hubble-Sequenz klassifizéiere loossen, kënnen och Galaxiëkéip no hirem morphologeschen Typ klassifizéiert ginn. D'Klassifizéierung ass allerdéngs manner eendeiteg an déi physikalesch Erklärung vun der Morphologie meeschtens schwiereg. Dofir huet sech bis elo kee Klassifizéierungsschema duerchgesat, allerdéngs erfreet sech dat Schema vum Rood an Sastry (RS-Schema) enger gewësser Beléiftheet, warscheinlech wéinst senger Änlechkeet mam Hubble-Schema. No dem RS-Schema ënnerscheet een unhand vun der Verdeelung vun den 10 hellsten Objete follgend Kouptyppen:

 
D'RS-Klassifikatiounsschema fir Galaxiëkéip
  • cD-Kéip ginn vun enger eenzeler riseger cD-Galaxis am Zentrum dominéiert. Beispiller sinn d'Kéip Abell 2634 am Stärebild Pegasus, dee ronn 400 MLj ewech ass a vum NGC 7720 dominéiert gëtt, an den Abell 2199, deen op enger Distanz vu 430 MLj am Stärebild Hercules an am Hercules-Superkoup läit.
  • B-Kéip (vu binär) gi vun enger Koppel vu cD-Galaxien dominéiert. E Paradebeispill ass de berüümten Coma-Galaxiëkoup (Abell 1656), e weidert Beispill ass deen op enger Distanz vun 260 MLj leienden Galaxiëkoup Abell 569 am Stärebild Lynx (Luchs).
  • L-Kéip zeechne sech duerch eng bal linear Unuerdnung vun de gréisste Galaxien am Zentrum aus. E Beispill ass de Perseus-Galaxiëkoup (Abell 426), dee ronn 230 MLj ewech am Perseus-Pisces-Superkoup läit[1].
  • C-Kéip (vum englesche core) zeechne sech duerch en eenzelen dichte Kär mat vill Groussgalaxien aus. Beispiller sinn den Hydra-I-Galaxiëkoup (Abell 1060), deen op enger Distanz vun 150 MLj läit an zum Hydra-Centaurus-Superkoup gezielt gëtt. E weideren ass den Galaxiëkoup Abell 262 am Stärebild Andromeda op enger Distanz vun 210 MLj, deen en Deel ass vum Pisces-Perseus-Superkoup. Och dee weider uewe gewisene Galaxiëkoup Abell 1689 ass en RS-Typ C.
  • F-Kéip si flaach, d. h. an enger Richtung staark ofgeplatt, awer ouni staark Konzentratioun am Zentrum. Beispiller sinn dee ronn 290 MLj wäit ewech leiende Leo-Galaxiëkoup (Abell 1367) am Coma-Superkoup an deen op enger Distanz vu ronn 6 GLj leiende Koup IRAS 09104+4109.
  • I-Kéip hunn eng irregulär Struktur, ouni kloer definéierten Zentrum oder mat e puer Zentren. Beispiller sinn de Virgo-Galaxiëkoup an den Hercules-Galaxiëkoup (Abell 2151), e spiralräiche Koup am Superkoup mam selwechten Numm op enger Distanz vu ronn 485 MLj[2].

Referenzen änneren

  1. [1] (en) Perseus-Pisces-Superkoup
  2. [2] (en) Hercules-Galaxiëkoup

Um Spaweck änneren

Commons: Galaxy clusters – Biller, Videoen oder Audiodateien