Fornax-Galaxiëkoup

De Fornax-Galaxiëkoup ass eng grouss Usammlung vu Galaxien, déi am Stärebild Fornax iwwer e Gebitt mat ronn 5° Wénkelduerchmesser verdeelt läit. Am Katalog vum George Ogden Abell ass hien ënner der Bezeechnung Abell S0373 ze fannen.

De Fornax-Galaxienkoup. VISTA-Infrarout-Bild mat den opfällege Galaxien NGC 1365 (Balkenspiral ënne riets) an NGC 1399 (elliptesch Galaxis uewe lénks).
Stärekaart vum Fornax-Galaxiëkoup
Déi riseg lënsefërmeg Galaxis NGC 1316 (Fornax A) am Fornax-Galaxiëkoup

Dëse Galaxiëkoup ass mat enger Distanz vu ronn 60 Millioune Liichtjoer (18,5 Mpc) den zweeträichste Koup op enger Streck vun 100 Millioune Liichtjoer, u Gréisst nëmmen nach iwwertraff vum ongeféier dräimol sou grousse Virgo-Galaxiëkoup. Hien huet ongeféier 50–60 hell Galaxien, vun deenen der dräi zu de gréisste Galaxien an dësem Deel vum Universum zielen. Déi elliptesch Galaxis NGC 1399 ass eng cD-Galaxis mat ausgedehntem diffusen Halo, wéi si typescherweis a grousse Galaxiëkéip (z. B. am Coma-Galaxiëkoupn) virkommen.

Déi grouss Balkespiralgalaxis NGC 1365 kann als Prototyp vun dëser Galaxiëklass ugesi ginn an ass de prominentsten Objet vum Koup. De gréissten Objet vum Fornax-Koup ass déi riseg lënsefërmeg Galaxis NGC 1316, déi eng Visuell Magnitude vun 8,4 mag an e Wénkelduerchmiesser vun 12 Bouminutten huet. Dës Galaxis ass bei enger Frequenz vu 1400 MHz déi véiertstäerkst Radioquell um Himmel a gëtt dofir och als Fornax A bezeechent.

DistanzbestëmmungÄnneren

De Fornax-Galaxiëkoup huet grouss Bedeitung fir d'kosmologesch Distanzbestëmmung. Well hien eng wiesentlech méi kleng Mass wéi dee bal gläichwäit ewech leiende Virgo-Koup huet, ass säi gravitativen Afloss op eis Lokal Grupp méi schwaach. Wärend de Virgo-Koup duerch seng grouss Mass eng Unzéiung vun de Lokale Gruppe bewierkt (engl. Virgo-Infall), beweegt sech de Fornax-Koup gréisstendeels mam groussraimegen Hubble-Floss. Duerch eng direkt Distanzbestëmmung vun de Galaxië am Fornax-Koup léisst sech dofir aus hirer Routverrécklung d'Hubble-Konstant bestëmmen. Duerch déi relativ kleng Distanz vum Koup stinn haut verschidden direkt Methode vun der Distanzbstëmmung zum Gebrauch. Mat der Kugelstärekoup-Liichtkraaft-Funktioun (engl. globular cluster luminosity function – GCLF) gouf 1996 d'Distanz zu ongeféier 16,5 Mpc bestëmmt. 1998 war et mat dem Hubble-Weltraumteleskop gelongen, och d'Distanzbestëmmung vum Koup duerch d'Eenzelstärenopléisung vu verännerleche Stäre vum Cepheiden-Typ. Aus dëse Miessunge resultéiert deen haitege Wäert vun 18,5 Mpc vun der Fornax-Koup-Distanz. Déi mëttel Routverrécklung vun de Koupobjeten huet eng Schwéierpunktvitesse vu ronn 1300 km/s, soudatt déi aus dëse Miessunge bestëmmt Hubble-Konstant (no e puer Korrekturen) H0=73 km/s/Mpc ergëtt.

Um SpaweckÄnneren

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie