Cetus (Stärebild)

Stärebild

De Cetus (laténgesch), ass e Stärebild an der Noperschaft vum Himmelsequator.

Date vum Stärebild Cetus
Lëtzebuergeschen Numm Walfësch
Laténgeschen Numm Cetus
Laténgesche Geenitiv Ceti
Laténgesch Ofkierzung Cet
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 23h 55m bis 3h 20m
Deklinatioun -25° bis +10°
Fläch 1231 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 70° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Ceti (Deneb Kaitos),
2,04m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Pisces
Aquarius
Eridanus
Taurus
Kaart vum Stärebild Cetus

Beschreiwung

änneren

De Cetus (Walfësch) ass e grousst, awer guer net opfällegt Stärebild vum Hierschthimmel tëscht de Pisces (Fësch) an dem Eridanus (Floß Eridanus). De gréissten Deel erstreckt sech ënner dem Himmelsequator, soudatt hien an eise Breeten nëmmen eng minim Héicht iwwer dem Horizont erreecht.

D'Stärebild huet keng markant Gestalt, well déi meescht vu senge Stären eng niddreg Hellegkeet, ënner 3 m hunn, a sou net opfälleg sinn.

Am Walfësch sinn de bekannte verännerleche Stär Mira an den Tau Ceti, e gielen Zwergstär op enger Distanz vun nëmmen 11,9 Liichtjoer vun eis, deen eiser Sonn gläicht.

Geschicht

änneren

Am anticke Mesopotamien huet een am Stärebild Tiamat, e Séiongeheier gesinn, dat dat ursprénglecht kosmescht weiblecht Prinzip verkierpert huet.

Well d'Konstellatioun ënner der Ekliptik läit, zéie Sonn, Äerdmound a Planéiten doriwwer ewech. Bei den ale Griichen hunn d'Stären dofir den Agank zu der Ënnerwelt duergestallt. Spéider gëtt d'Stärebild mat engem Séiongeheier verglach am Zesummenhang mat der So ëm d'Andromeda.

D'Stärebild ass eent vun den 48 Stärebiller, déi dem Ptolemäus bekannt waren.

Am Joer 1596 huet de friesesche Paschtouer David Fabricius entdeckt, datt sech d'Hellegkeet vum Stär ο Ceti am Laf vun engem Joer staark verännert hat. Hien huet de Stär „Mira“, dee „Wonnerbare“ genannt. D'Entdeckung war vu grousser Bedeitung, widderleet si dach déi fréier Thees, datt d'Stären éiweg sinn an onverännerlech.

Am Joer 1807 gouf am Walfësch de véierten Asteroid Vesta entdeckt.

Himmelsobjeten

änneren

Stären

änneren
B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
β 16 Deneb Kaitos, Diphda, Rama Secunda 2,04m 96 K0 III
α 92 Menkar 2,54m 220 M1 IIIa
ο 68 Mira 2,0m bis 10,1m 417 M7 III
η 31 Deneb Algenubi 3,46m 118 K1 III
γ 86 Kaffaljidhm, Al Kaff al Jidhma 3,47m 82 A2 + G5
τ 52 Tau Ceti 3,49m 11,9 G8 V
ι 8 Shemali 3,56m 290 K1 III
ζ 55 Baten Kaitos, Bunda 3,76m 260 K0 III
υ 59 3,99m 250 M1 III
δ 82 4,08m 800 B2 IV
μ 87 4,27m 100 F0 IV
π 89 4,3m 300 B7 V
ξ2 73 4,30m 300 B9 III
ξ1 65 4,36m
7 4,44m
2 4,55m
χ 53 4,66m 100 F2 + G1
σ 76 4,74m
ψ1 17 4,77m
20 4,78m
ε 83 4,83m
κ 96 4,84m
ν 78 4,87m
ρ 72 4,88m
6 4,89m
46 4,90m
56 4,92m
3 4,99m
37 5,0m 80 F3 + G7
T 5,0 bis6,9 m
66 5,5m 70 F8 + G4

Den hellste Stär am Walfësch, β Ceti, ass 96 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et ass een orangefaarwege Risestär vun der Spektralklass K0.

Den Numm „Deneb Kaitos“ huet en arabeschen Urspronk a bedeit „Schwanz vum Walfësch“.

Den α Ceti läit 220 Liichtjoer vun eis ewech am ass e Roude Ris mat der Spektralklass M1. Den alarabeschen Numm „Menkar“ kéint sech vu „Schëller“, „Schnëss“ oder „Nueslächer“ ofleeden.

Den τ Ceti (Tau Ceti) ass mat enger Distanz vun nëmmen 11,9 Liichtjoer ee vun den Nopere vun eiser Sonn.

System Gréisst Ofstand
γ 3,5m/7,3m 2,8"
κ 4,7m/6,8m 184"
37 5,1m/7,9m 49,7"
66 5,7 m/7,6 m 41,0"

Den γ Ceti (Kaffaljidhm) ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 82 Liichtjoer. D'Liicht kënnt vun engem Haaptstär dee wäisselzeg liicht, mat der Spektralklass A2 an engem gielzege Begleeder vun der Klass G5.

De κ Ceti ass 100 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stäre vun de Spektralklassen F2 a G1. Déi zwéi Stären hu vun der Äerd aus gesinn e wäite Wénkelofstand vun 184 Bousekonnen.

D'System 66 Ceti läit 70 Liichtjoer vun eis ewech a besteet och aus zwéi Stäre vun de Spektralklassen F8 a G4. Hire Wénkelofstand ass 16,5 Bousekonnen.

Objet Gréisst Period Typ
ο 2,0 bis 10,1m 331,9 Deeg Pulsatiounsverännerlechen
T 5,0 bis 6,9m 159 Deeg hallefreegelméisseg Verännerlechen

417 Liichtjoer läit de Stär Mira (ο Ceti) vun eis ewech an ännert seng Hellegkeet periodesch iwwer en Zäitraum vu ronn 332 Deeg. Hie kann am Maximum bis zu 2 m opfälleg hell ginn, an am Minimum kann d'Hellegkeet op 8 bis 10 m eroffalen. An deem Moment ass hien och net méi mat bloussem A ze gesinn.

De Stär gëtt säin Numm hir fir eng Grupp vu verännerleche Stären, de Mira-Verännerlecher. Et handelt sech ëm pulsatiounsverännerlech Stären, déi sech rhythmesch opblosen, an erëm zesummenzéien. Mira-Stäre si Rout Risen oder Iwwerrise mat enger relativ killer Uewerfläch vun 3.000 Kelvin. Hir Liichtkraaft ass trotzdeem 100.000-mol méi héich wéi déi vun eiser Sonn, well si riseg Duerchmiessere vu ville Milliarde Kilometer hunn.

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
77 1068 8,9m Galaxie
45 10,6m Galaxie
157 10,4m Galaxie
223 13,4m Galaxie
246 8,5m Planetareschen Niwwel
247 11m Galaxie
720 10,2m Galaxie
908 10,2m Galaxie
936 10,1m Galaxie
6939 9m Galaxie
IC 1613 9,2m Galaxie

Am Walfësch sinn en ettlech Galaxien, vun deenen der zwou scho mat engem klengen Teleskop ze gesi sinn.

Den M 77 ass eng hell Seyfertgalaxie vum Typ Sb. Mat enger Distanz vu 50 Millioune Liichtjoer ass si dee Messierobjet deen am wäitsten ewech ass.

Den NGC 246 ass e Planetareschen Niwwel op enger Distanz vu 1.500 Liichtjoer. Am Teleskop ass et eng niwweleg Scheifchen, an deem zwéi Stäre mat der 12. Gréissteklass stinn. Ee vun de Stären ass e Zwergstär, den Iwwerrescht vun engem Stär, dee säi baussenzege Gasmantel ofgestouss huet.

Den NGC 247 ass eng Spiralgalaxie vum Typ Sd an ass 8 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Si gouf am Joer 1784 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Vun der Äerd aus ass dës Galaxie op d'Kant ze gesinn.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Cetus – Biller, Videoen oder Audiodateien