Bousekonn

Wénkel-Moosseenheet

Eng Bousekonn (englesch:arc second) ass eng Wénkel-Moosseenheet, déi 1/3600 Grad entsprécht. 60 Bousekonnen entspriechen enger Bouminutt, a 60 Bouminutten entspriechen engem Grad.

Weider Ënnerdeelunge follegen dem Dezimalsystem: eng Millibousekonn ass eng dausendstel Bousekonn, eng Mikrobousekonn (engl. µas) ass eng milliounstel Bousekonn.

Ze beuechten ass, datt (entspriechend dëser Definitioun) eng Gréisstenangab a Bousekonnen trotz dem selwechte Prefix „Bou-“ näischt mat enger Donnée an der Boumooss ze dinn huet.

D'Symbol fir Bousekonnen ass d'Sekonnenzeechen a besteet aus zwéin héichgestallte Strécher, déi ausgesi wéi zwéi Kommaen: 1″ = 1 Bousekonn. Et entsprécht dem Zollzeechen. Ersatzweis ginn och zwéi vertikal Strécher (") gebraucht.

Nach haut gëtt an der Navigatioun fir verschidde Virgäng d'Sekonn aus praktesche Grënn a 60 (Meridian-) Tertien gedeelt.

Fir ze vergläichen: Dat mënschlecht A huet eng Opléisung vu ronn 60″ a kann domat theoreetesch zwéi vertikal kanteg Objeten, déi 1 Meter ausernee stinn, nach op enger Distanz vun 3–4 km auserneenhalen. Den engsten Duebelstär (ε am Stärebild Lyra), deen nëmme mat schaarfen Aen nach getrennt ka ginn, huet eng Wénkeldistanz vun 208″.

Kuckt och änneren