De Virgo-Galaxiëkoup ass e grousse Galaxiëkoup mat op d'mannst 1300, méiglecherweis awer 2000 Galaxien, deem säin Zentrum op enger Distanz vu 65 Millioune Liichtjoer läit.

Kaarte vum Stärebild Virgo (Jongfra) mat dem Virgo-Galaxiëkoup

De Koup mécht den Zentrum vum lokale Superkoup, deen och Virgo-Superkoup genannt gëtt. Déi Lokal Grupp, vun der Galaxiëgrupp, zu där eis Mëllechstrooss gehéiert, ass en Deel vun dësem Superkoup.

Entdeckung änneren

 
Galaxien am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup mat Nimm a visuellen Hellegkeeten.
Déi zwéi gréissten Objete op dësem Bild sinn déi elliptesch Galaxien M84 an M86.

Den éischte Member vum Virgo-Galaxiëkoup gouf am Februar 1771 vum Charles Messier entdeckt. Mir wëssen haut, datt et sech bei der niwweleger Wollek, déi de Messier deemools katalogiséiert hat, fir Verwiesselunge mat Koméiten zevirzekommen, tatsächlech ëm déi elliptesch Risegalaxis Messier 49 handelt. Schonn am Mäerz vum selwechte Joer huet de Messier weider hell Membergalaxien, déi de Pierre Méchain entdeckt hat (dorënner d'Risegalaxis Messier 87, déi och als Virgo A bekannt ass) a säi Katalog agedroen. Dee Mount kann dofir als den Zäitpunkt vun der Entdeckung vu Galaxiëkéip ugesi ginn.

De Messier huet a sengem Katalog am Ganze 16 Galaxien agedroen, déi haut als Membere vum Virgokoup identifizéiert sinn: M49, M58, M59, M60, M61, M84, M85, M86, M87, M88, M89, M90, M91, M98, M99 a M100. De Messier huet a senge Notizen hanner der Androung fir M91 déi follgend Sätz geschriwwen (iwwersat nom Kenneth Glyn Jones):[1]

D'Stärebild Virgo a speziell säin nërdlechen Deel ass eent vun de Stärebiller, dat déi meescht Niwwelen huet. De Katalog huet der 13, déi bestëmmt goufen, nämlech d'Nummeren 49, 58, 59, 60, 61, 84, 85, 86, 87, 88, 89, 90 an 91. All dës Niwwele schénge keng Stären ze hunn.

De Messier hat also schonn deemools erkannt, datt dës Niwwelen eng Grupp formen an datt et sech net ëm Stärekéip handelt. Ronn 150 Joer virun der éischter Observatioun vun Eenzelstären am Andromedaniwwel, konnt de Messier natierlech d'Natur vun de Galaxien als Stäresystem, baussenzeg vun eiser Mëllechstrooss, net erkennen.

Déi hell Sombrero-Galaxis M104, déi duerch hir Lag um Himmel visuell zu dëser Grupp gehéiert, ass allerdéngs kee Member vum Koup, well si eis méi no ass, wéi déi aner Galaxiëmembere vum Koup.

Galaxien am Virgokoup änneren

Et gëtt ongeféier 30 Galaxien am Virgokoup, déi méi hell wéi 10,5. Gréissteklass sinn:[1]

Galaxis Typ Mag
NGC 4192 = M98 SbI-II 10m,13
NGC 4216 SbII 9m,98
NGC 4254 = M99 ScI 9m,84
NGC 4303 = M61 ScI 9m,67
NGC 4321 = M100 ScI 9m,37
NGC 4365 E2 10m,5
NGC 4374 = M84 S0 9m,27
NGC 4382 = M85 S0 9m,22
NGC 4406 = M86 S0 9m,18
NGC 4429 S0 10m,16
NGC 4438 SBa 10m,08
NGC 4442 E5p 10m,48
NGC 4450 Sb 10m,12
NGC 4459 E2 10m,40
NGC 4472 = M49 E4 8m,37
Galaxis Typ Mag
NGC 4473 E4 10m,22
NGC 4477 S(B)a 10m,42
NGC 4486 = M87 E1 8m,62
NGC 4501 = M88 Sb+I 9m,52
NGC 4526 E7 9m,64
NGC 4535 S(B)c 9m,82
NGC 4548 = M91(?) SBb 10m,19
NGC 4552 = M89 E0 9m,81
NGC 4569 = M90 Sb+ 9m,48
NGC 4579 = M58 Sb 9m,78
NGC 4596 SBa 10m,48
NGC 4621 = M59 E3 9m,79
NGC 4654 = IC3708 ScII 10m,46
NGC 4649 = M60 E1 8m,83
NGC 4762 SB0 10m,22

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Virgo-Koup bei SEDS