Den Harlow Shapley, gebuer den 2. November 1885 zu Nashville, Tennessee, gestuerwen den 20. Oktober 1972 zu Boulder, Colorado, war en US-amerikaneschen Astronom.

Harlow Shapley
Gebuer 2. November 1885
Gestuerwen 20. Oktober 1972
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit,
Universitéit vum Missouri
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Meteorolog
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science, National Academy of Sciences

Vun 1914 un huet hien um Mount Wilson-Observatoire geschafft, a vun 1921 bis 1952 war hien Direkter vum Harvard College Observatoire.

De Shapley huet duerch ënnersiche vu verännerleche Stäre vum Typ Cepheiden a vun de Kugelstärekéip, fir d'éischt d'Gréisst vun der Mëllechstrooss bestëmmt.

Am Joer 1915 formuléiert hien d'„Big Galaxy“-Hypothees, no där d'Mëllechstrooss déi eenzeg Galaxis am Universum ass an datt déi bis dohi bekannt Galaxien (oder „Niwwelen“ nom deemolege Sproochgebrauch) bannent der Mëllechstrooss leien. D'Antithes, d'„Weltinseltheorie“, no där d'Mëllechstrooss nëmmen eng vu ville Galaxien ass, gouf vum Heber Doust Curtis formuléiert. Déi Ausenanersetzung gëtt an der Astronomie déi „grouss Debatt“ genannt, a gouf ëm 1923 vum Edwin Hubble zu Gonschte vun der Weltinseltheorie bestëmmt.

De Shapley goung dobäi vun enger feelerhafter Norméierung vun der Periode-Liichtkraaft-Bezéiung vun den Cepheiden aus, wouduerch hien d'Gréisst vun der Mëllechstrooss ëm dat dräifacht iwwerschat hat (300.000 Liichtjoer amplaz 100.000 Liichtjoer). Des Weidere war him d'Altersdifferenz vun de Stärepopulatiounen net bekannt, soudatt hien d'Differenz zu der klenger Magellanescher Wollek an zum Andromedaniwwel ënnerschat huet. Éischt Norméierunge vun der Period-Liichtkraaft-Bezéiung stame vum däneschen Astronom Ejnar Hertzsprung.

De Shapley ënnersicht Galaxiëkéip a mécht Distanzbestëmmunge vu Stäre mat Hëllef vun der Photometrie.

Éierungen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. The Shapley Supercluster - the Largest Matter Concentration in the Local Universe eso.org, pdf, abgerufen am 20. Februar 2011; Shapley Supercluster en. wikipedia