D'Fornax-Zwerggalaxie (Katalogbezeechnungen ESO 356-04 an MCG -06-07-001) ass eng kleng elliptesch Galaxie vum (Typ dE2) am Stärebild Fornax (Cheemeschen Uewen). D'Galaxie gehéiert zu der Lokaler Grupp an ass nëmme 450.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Si huet eng Hellegkeet vu +9,30 mag an eng Wénkelausdehnung vu 17' × 12'. Wéinst hirer niddreger Flächenhellegkeet gouf d'Zwerggalaxie eréischt am Joer 1938 vum Harlow Shapley entdeckt.

Foto vun der Zwerggalaxie Fornax

An der Zwerggalaxie si sechs Kugelstärekéip. De gréissten dorënner ass den NGC 1049. Hie gouf nach virun der Galaxie selwer entdeckt.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie