Steve Kaspar

lëtzebuergesche Kënschtler

De Steve Kaspar, gebuer den 29. September 1952[1] an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 5. Oktober 2020[2], war e lëtzebuergesche Kënschtler.

Steve Kaspar
Gebuer 29. September 1952
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Oktober 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler

Vun 1976 bis 1988 huet hien haaptsächlech zu Lëtzebuerg an zu Bréissel gelieft, wou e mat Performance-Konscht, Radiospiller, Klangpoesie a Molereien expermentéiert huet.

Op der Musikhochschule Köln huet hie beim Neues Musiktheater matgemaach a studéiert.[3]

Vun 1989 bis 1996 huet hien haaptsächlech gezeechent, an zanter 1997 huet hie virun allem mat Video, audiovisuellen Installatiounen a Klangkompositiounen geschafft. Hien huet Concerten a Perfomancë gemaach, zesumme mat Kënschtler wéi der japanescher Dänzerin Yuko Kominami, dem Ensembel United Instruments of Lucilin, der Trompetistin Herb Robertson, den audiovisuellen Artiste Gast Bouschet/Nadine Hilbert an dem Cellist André Mergenthaler.[3]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. (en)Steve Kaspar. Lëtzebuerger Konschtlexikon. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  2. De Steve Kaspar ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen." rtl.lu, 06.10.2020 12:20
  3. 3,0 3,1 Steve Kaspar: Parcours biographique.