Benjamin Markarjan
De Benjamin Markarjan, gebuer den 29. November 1913 zu Schulawer, haut Schahumjan a Georgien a gestuerwen den 29. September 1985, war en armeneschen Astrophysiker.
Benjamin Markarjan | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
12. Dezember 1913 Shaumiani |
Gestuerwen |
30. September 1985 Eriwan |
Nationalitéit | Sowjetunioun |
Educatioun | Staatlech Universitéit Jerewan |
Aktivitéit | Physiker, Astronom, Astrophysiker |
Famill | |
Geschwëster | Maro Marġaryan |
De Markarjan huet vun 1946 un am Byurakan-Observatoire geschafft an Theorien iwwer d'Stäregenesis, Galaxiëkéip a Superkéip opgestallt. Allgemeng huet hie sech mat Stärenassociatioune befaasst an den éischte systematesche Katalog mat O-Associatioune publizéiert. Fir déi Aarbechte krut hien 1950 zesumme mam Viktor Hambarzumjan de Stalinpräis.
An den 1960er Joren huet hien eng Grupp vu Galaxië mat aktive Kären, déi e besonnesch hellt, blot Liicht mat engem héijen UV-Kontinuum aus dem Zentrum ofginn (Seyfertgalaxien, Blasaren a Quasaren) intensiv observéiert. Hien huet sou Objeten an engem Katalog zesummegefaasst, deen haut den Numm Markarjan-Katalog huet a ronn 1500 Objete faasst.
An den 1970er Joren huet hien en etlech Galaxië vum Virgo-Galaxiëkoup observéiert, déi spéider den Numm Markarjan-Kette kruten.