Debelah Morgan

amerikanesch Sängerin

D'Debelah Morgan, gebuer den 29. September 1977 zu Detroit, USA, ass eng US-amerikanesch Pop- an R&B-Sängerin, Songwriterin a Produzentin.

Debelah Morgan
Gebuer 29. September 1977
Detroit
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Komponist

Biographie änneren

Als Kand vun enger Inderin an engem Afroamerikaner huet d'Debelah schonn an der Spillschoul ugefaange Piano ze léieren. Als Jugendlech ass si mat hirer Famill an Arizona geplënnert. Do huet si fir d'éischt an engem Meedercherskierchechouer gesongen an ass du mat der Jazzband vun der Schoul opgetrueden. Si huet och u Schéinheetsconcoursen deelgeholl an ass mat 15 Joer Miss Teen Black Arizona a Miss Black Teenage World ginn.

Mat 17 Joer konnt si schonn a siwe verschiddene Sprooche sangen (op Englesch, Latäin, Franséisch, Däitsch, Portugisesch, Italieenesch an Hindi) an hiren éischten Album Debelah ass an den USA an a Japan realiséiert ginn. Déi éischt Single Take It Easy hat net sou vill Erfolleg a sou huet si kuerz drop hire Kontrakt mat Atlantic Records verluer.

1998 ass hiren zweeten Album Yesterday an Europa an an Asien erauskomm. I Love You war op deenen zwéi Kontinenter en Hit, an d'Single Yesterday ass an Amerika bis op d'Nummer 79 an de Billboard Hot 100 Singles geklommen. De Video dozou gouf vum Billie Woodruff gedréint, deen och de Videoclip fir der Toni Braxton hire Megahit Un-break My Heart gedréint huet.

Um Album sinn och Lidder déi aus der Zesummenaarbecht mam Grammy-Gewënner Vassal Benford entstane sinn an en Duo mam Brian McKnight (Still In Love).

1998 an 1999 sinn e puer Soundtracke mat Lidder vun der Debelah Morgan erauskomm, ënner anerem L.A. Fame (1998); Our Friend, Martin (1999); Stuart Little;…

Si war och als Songwriterin aktiv an huet d'Lidd Foerver Yours fir d'Sängerin Laila geschriwwen.

Nodeem d'Debelah Morgan ugefaangen huet un engem neien Album ze schaffen gouf et Spannunge mat hirem Musekslabel Motown Records, dat si kuerz drop verlooss huet. Am Summer huet si dunn um Album weider geschafft a sech misse bankrott erkläre loossen. Mä 1999 krut si erëm en neie Kontrakt bei Atlantic Records, déi si 1994 fale gelooss haten.

1999 ass dunn hiren drëtten a bis elo leschten Album Dance With Me erauskomm, deen eleng vun der Debelah an hirem Brudder Giloh geschriwwen a produzéiert gouf. Déi éischt Single mam selwechten Numm hat vill Succès op der ganzer Welt. De Popsong baséiert op dem Tango-orientéierte Musicalsong Hernando's Hideaway. A Spuenien ass d'Lidd ënner dem Numm Baila Conmigo erauskomm.

2001 ass déi zweet Single I Remember realiséiert ginn, déi awer keen Erfolleg hat. Duerno ass et roueg em d'Debelah Morgan ginn. Si huet nach u verschiddene Soundtracke matgeschaft (Road Kings; Spyder Games; Osmosis Jones). Zënterhier huet d'Debelah Morgan haaptsächlech chrëschtlech Musek opgeholl.

Si huet eng Stëmm vu 5 Oktaven a gëtt heiansdo mat der Mariah Carey verglach.

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 1994: Debelah
  • 1998: It's Not Over
  • 2000: Dance With Me (#35 US Heatseekers)
  • 2005: Light at the End of the Tunnel
  • 2010: Let The Worship In Champions Live 2

Singelen änneren

  • 1994: Take It Easy (#56 US-R&B)
  • 1994: Free (#96 US-R&B)
  • 1998: Yesterday (#56 US-Pop)
  • 1998: I Love You
  • 2000: Dance With Me (#8 US-Pop / #4 US-Dance / #10 UK)
  • 2001: I Remember

Um Spaweck änneren