Den Ilja Jefimowitsch Repin (Russesch: Илья́ Ефи́мович Ре́пин), gebuer de 24. Julijul./ 5. August 1844greg. zu Tschugujiw, am Gouvernement Charkow, a gestuerwen den 29. September 1930 zu Kuokkala, dunn a Finnland, haut Repino am Oblast Leningrad, war e russesche Moler.

Ilja Efimowitsch Repin
Gebuer 24. Juli 1844 jul.
Gestuerwen 29. September 1930
Nationalitéit Russescht Keeserräich, apatride
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Essayist, Graphiker, Enseignant
Member vun Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie

Hie gëllt als de bedeitendste Vertrieder vum russesche Realismus.

Wierk änneren

Bekannt si seng Biller, an deenen en d'Liewen vum ukraineschen an dem russesch Vollek moolt a sozial Mëssstänn uprangert (kuckt z. B. säi wuel bekanntst Bild Hallefer op der Wolga). Do dernieft huet hien historesch Evenementer an Zeen gesat a Portraite vu bekannte Leit gemoolt (z. B. dem Michail Glinka, dem Modest Mussorgski, dem Dimitri Mendelejew oder dem Iwan Turgenew).

Hie war spéiderhin e Virbild fir de sowjetesche sozialistesche Realismus, deen awer net un d'Maîtrise vum Repin erukoum.

Biller (Auswiel) änneren

Soss änneren

Den Asteroid (2468) Repin gouf 1988 no him genannt.

Literatur änneren

  • Maria Karpenko, Elena Kirillina (Hrsg.): Ilja Repin, Malerei, Graphik. Brücken-Verlag, Düsseldorf u. a. 1985, ISBN 3-87106-150-6.
  • Angelika Wesenberg, Nicole Hartje, Anne-Marie Werner (Hrsg.): Auf der Suche nach Russland. Der Maler Ilja Repin. Nicolai, Berlin 2003, ISBN 3-89479-092-X.

Um Spaweck änneren

Commons: Ilja Jefimowitsch Repin – Biller, Videoen oder Audiodateien