Nicky Kirsch
Den Nicolas ("Nicky") Kirsch, gebuer de 24. August 1901 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 29. September 1983, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Nicky Kirsch | |
---|---|
Gebuer |
24. August 1901 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
29. September 1983 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Veräin/Ekipp | Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden.[2]
Tëscht dem 15. Januar 1922 am 17. Februar 1929 huet den Nicky Kirsch 13-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]