Antonio Cagnoli

italieeneschen Astronom

Den Antonio Cagnoli, gebuer den 29. September 1743 op Zakynthos, der südlechster vun de Ioneschen Inselen, a gestuerwen de 6. August 1816 zu Verona, war en italieeneschen Astronom.

Antonio Cagnoli
Gebuer 29. September 1743
Zakynthos
Gestuerwen 6. August 1816
Verona
Aktivitéit Astronom, Diplomat, Mathematiker
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino

Hie koum aus enger venezianescher Famill a well säi Papp en héije Beamte vun der Republik Venedeg war, huet d'Famill vill misse reesen. Doduerch konnt de Cagnoli ni an eng ëffentlech Schoul goen a krut haaptsächlech Privatunterrecht.

Hien huet ganz jonk mat Reesen ugefaangen a war vill a Kreesser vu gescheiten Italieener a Fransousen an huet sech haaptsächlech fir Politik an Droit intresséiert.

Hien ass 1772 als Spezialsekretär vum Ambassadeur vu Venetien op Madrid komm a véier Joer méi spéit gouf hien op Paräis versat.

Säin éischte Kontakt mat der Astronomie hat den Antonio Cagnoli 1780 op enger privater Soirée zu Paräis, wéi hie konnt duerch en Teleskop kucken a wou hien de Saturn dra gesinn huet. Hie war dovu sou beandrockt, datt hien decidéiert huet sech fir d'Astronomie z'intresséieren.

Sengen eegenen Aussoen no, waren déi Joren, an deenen hie beim Joseph Jérôme Lefrançois de Lalande d'Astronomie geléiert huet, déi schéinst a sengem Liewen. Hie gouf doduerch e wichtegt Verbindungsglidd tëscht de franséischen Akadeemiker an der wëssenschaftlecher italieenescher Gesellschaft. Hien huet och déizäit seng éischt Bicher geschriwwen.

Vu 1788 un huet hien op sengem Observatoire zu Verona geschafft. De Cagnoli gouf 1797 Direkter vum Observatoire vu Mailand an 1802 Professer fir Mathematik an der Krichsschoul zu Modena. No 1807 huet hien nees zu Verona gelieft.

Den Asteroid (11112) Cagnoli gouf no him genannt.

Wierk änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren