Liz Braz

lëtzebuergesch Juristin an Politikerin

D'Liz Braz, gebuer den 29. September 1996[1][2] an der Stad Lëtzebuerg[3], ass eng lëtzebuergesch Juristin a Politikerin (LSAP).

Liz Braz
Gebuer 29. September 1996
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément,
Universitéit vu Lëtzebuerg,
Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Jurist, Politiker, Deputéierten
Partei LSAP
Famill
Papp Félix Braz

Formatioun a Karriär änneren

No hirer Première am Escher Lycée Hubert-Clément huet si op der Uni Lëtzebuerg e Bachelor am Droit gemaach an duerno op der ULB zu Bréissel e Master am „ëffentlechen an internationalen Droit“.

Si schafft zanter Mee 2023 als Chargée de mission am Ausseministère[4].

Politesch Karriär änneren

Am Mee 2022 huet si zesumme mam Brian Halsdorf eng sozialistesch Jugendsektioun fir de Süde gegrënnt, vun där si Co-Presidentin gouf.

Bei de Gemengewalen 2023 koum si als Drëttgewielt vun hirer Partei an den Escher Gemengerot.[5] Am selwechte Joer huet si fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'LSAP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt.[6]

Privates änneren

D'Liz Braz ass d'Duechter vum fréiere Justizminister a Vizepremier Félix Braz.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. (de)Hamus, Eric, Interview / „Bin keinem Grünen böse“: Liz Braz über zukünftige Ambitionen und vergangene Enttäuschungen. www.tageblatt.lu (16.07.2022). Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  2. (fr)Modification - F2615 | ASSOCIATION NATIONALE DES ETUDIANTS LUXEMBOURGEOIS EN DROIT (ANELD). lbr.lu (04.09.2019). Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  3. (fr)LizBraz. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-27.
  4. (en)Liz Braz. https://www.linkedin.com.+Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  5. Gemengewalen 2023 - Inoffiziell Resultater. elections.punlic.lu.
  6. fiche op rtl.lu.