Romain Urhausen

lëtzebuergeschen Architekt
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Romain Urhausen, gebuer den 29. September 1930 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 7. Juli 2021[1][2], war e lëtzebuergesche Fotograf, Miwwel- a Bijousdesigner, Sculpteur, Architekt a Filmregisseur.

Romain Urhausen
Gebuer 29. September 1930
Rëmeleng
Gestuerwen 7. Juli 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Hochschule der Bildenden Künste Saar
Aktivitéit Fotograf, Designer, Sculpteur, Architekt, Filmregisseur

Hien huet zu Paräis an duerno zu Saarbrécken op der Staatlecher Schoul fir Konscht an Handwierk beim Otto Steinert studéiert, an ass dunn eng Zäit op Paräis wunne gaangen. Dono gouf hien Enseignant fir Fotografie op der Werkkunstschule Dortmund[3]

Als Fotograf war hie virun allem tëscht 1950 an 1970 aktiv. Hien huet souwuel kënschtleresch an experimentell Fotoe gemaach, wéi och Schnappschëss, Publicitéits- a Portraitsfotoen.

Den Edward Steichen hat den Urhausen uganks vun den 1950er Joren entdeckt an huet seng Konscht 1953 an der Ausstellung „Postwar European Photography“ am Museum of Modern Art (MoMA) zu New York ausgestallt.

Bekannt gouf de Romain Urhausen ë. a. mat engem Buch iwwer d'Paräisser Maarthalen an deem de Jacques Prévert den Text geschriwwen huet.

Vun den 1970er un Joren huet hie sech méi mat Design an Architektur beschäftegt. Hien zielt zu de Vertrieder vun der subjektiver Fotografie.

Publikatiounen änneren

  • mam Nic Weber (Text): Esch: Die Stadt, Notre ville. 1961.
  • mam Jacques Prévert (Text): Les Halles: L'album du coeur de Paris. 1963
  • Le canal, Les publications mosellanes, 1964.
  • Marguy Conzémius (ed.): Romain Urhausen Fotograf, Dudelange: Centre national de l'audiovisuel, 2016.
  • zesumme mam Hermann Speer: Mit offenen Augen Ein Blick in Deutschlands grösste Küche
  • Romain Urhausen (textes de Paul di Felice et Caroline Förster), delpire & co, 2022.

Ausstellungen (Auswiel) änneren

  • Retrospektiv vum Centre national de l'Audiovisuel, 2016
  • posthum: « Romain Urhausen - En son temps » am Kader vun de Rencontres de la photographie d'Arles, 2022[4]
  • posthum: Open-Air Ausstellung am Märeler Park an Zesummenaarbecht mat Lët’z Arles, 2022[5]
  • postum: Romain Urhausen. Steel Life. Sept.-Okt. 2023 Galerie Schlassgoart, Esch-Uelzecht.

Literatur änneren

  • Conrad, D., 2021. Das kannte man so in Luxemburg nicht. Der vielseitige und experimentierfreudige Künstler Romain Urhausen ist im Alter von 90 Jahren verstorben. Luxemburger Wort vum 9./10. Juli 2021, S. 24.
  • Scuto, Denis, 2023. Romain Urhausen: photographe,designer, architecte, homme libre. Tageblatt 2023-10-14, Nr. 239, S. 10-11.

Referenzen an Notten änneren

  1. Daniel Conrad: "Romain Urhausen ist tot." wort.lu, 9. Juli 2021.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 13. Juli 2021
  3. Quell, wou net anescht uginn: "Exhibition Romain Urhausen op photography-now.com.
  4. Lët‘z Arles 2022 : Romain Urhausen - "En son temps". www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-03-31.
  5. Art au Parc de Merl | Ville de Luxembourg (vdl.lu)