Maternité Grande-Duchesse Charlotte

D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte ass eng Maternité an der Areler Strooss, an der Stad Lëtzebuerg. Dat éischt Gebai gouf den 10. Mäerz 1936 ageweit.

Geschicht

änneren

D'Croix-Rouge luxembourgeoise an hir Vizepresidentin Aline de Saint-Hubert hate sech un den däitschen Architekt Otto Bartning adresséiert fir nom Modell vun der Landhausklinik zu Berlin-Wilmersdorf e Projet fir eng Maternité zu Lëtzebuerg auszeschaffen.

D'Pläng fir d'Maternité an der Stad Lëtzebuerg goufe vum Otto Bartning an Zesummenaarbecht mam Pali Meller entworf a vum lëtzebuergeschen Architekt Hubert Schumacher ausgefouert. D'Maternité ass eent vun de wéinege Gebaier zu Lëtzebuerg am Bauhaus-Stil.

De 4. Mäerz 1936 koum dat éischte Kand do op d'Welt.

1962 ass d'Gebai ëm ee Stack gehéicht ginn.

2015 gouf en neit Gebai direkt nieft dem alen a Betrib geholl, an dat ursprénglecht Gebai stoung vun do un eidel. Am November 2021 hunn Ofrappaarbechten ugefaangen. Do, wou déi al Maternité stoung, kënnt dat neit Gebai vum Centre hospitalier hin. Enn 2028 soll et operationell sinn. Och d'Aktivitéite vun der Eecher Klinik ginn am neie CHL zentraliséiert.[1]

D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gehéiert zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier de Luxembourg.

Literatur zum Theema

änneren
  • Antoine Prum: Maternité Grande-Duchesse Charlotte in: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 36 - S. 41, Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg, 1997, ISBN 2-919878-02-6

Um Spaweck

änneren
  1. "Al Maternité gëtt ofgerappt: Neit CHL-Gebai bis 2028 operationell." rtl.lu, 04.10.2022.