Antoine Luja

lëtzebuergeschen Architekt
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Antoine Luja, gebuer den 23. Juni 1845 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 22. Oktober 1916, war e lëtzebuergeschen Architekt.

Antoine Luja
Gebuer 23. Juni 1845
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Oktober 1916
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Famill
Kanner Henri Luja, Edouard Luja
De Waassertuerm an der Stad Lëtzebuerg um Lampertsbierg (Foto vun 2007)

Vun 1869 bis 1909 war hien Architekt vun der Stad Lëtzebuerg an huet mam franséische Landschaftsarchitekt a Botaniker Edouard André zesummegeschafft[1], deen de Park vun der Stad Lëtzebuerg tëscht 1871 a 1878 ugeluecht huet.

Hie war de Papp vum Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja (1875-1953) an dem Landschaftsarchitekt Henri Luja (1899-1977).

Den 31. Mäerz 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss zu Bouneweeg no him ze nennen.[2]

Bauwierker (Stad Lëtzebuerg)[3] änneren

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Beck, Simone, 2020. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Rue Antoine Luja, Bonneweg. Ons Stad 122, November 2020, S.65.
  • Gilbert, P., 1986. Luxembourg. La capitale et ses architectes. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. Ouni ISBN. Cote BNL LB 1061, S. 152
  • Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24, S. 6-10. PDF
  • Philippart, Robert, 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 96

Referenzen änneren

  1. Cf. Januário (2010) an der Literatur.
  2. op archives-vdl.findbuch.net
  3. Beck, Simone, 2020, Onst Stad 122.
  4. Memorial N°39 vun 1898 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  5. Doudesannonce vum Antoine Luja am Luxemburger Wort vum 23. Oktober 1916