Waassertuerm um Kierchbierg

De Waassertuerm um Kierchbierg ass e geplangte Waassertuerm, dee vun der Gemeng Lëtzebuerg um Kierchbierg gebaut soll ginn. E soll am Beräich vum Boulevard Pierre Frieden op engem Terrain gebaut ginn, dee vum Fonds du Kirchberg zur Verfügung gestallt gëtt.

Waassertuerm um Kierchbierg

De Bau vun engem zousätzleche Waassertuerm ass néideg, absënns fir d'EU-Institutiounen, d'Spidol um Kierchbierg an d'Klinik Dr Bohler mat Drénkwaasser ze versuergen.

Den ieweschten Deel vum Quartier kritt d'Drénkwaasser am Ament aus dem Waassertuerm vum Sennengerbierg. Eng Noutversuergung ass nëmme mam Averständnes vun der SEBES an nëmme fir eng kuerz Zäit méiglech. Am Fall vun engem Rouerbroch tëscht dem Sennengerbierg an dem Kierchbierg wier d'Waasserliwwerung net méi garantéiert.

Den neie Waassertuerm kritt eng Capacitéit vun 1.000 Meterkibb (ee Baseng mat 415 an deen anere mat 585 Meterkibb) an ass geduecht fir d'Zon westlech vun der Avenue John-F.-Kennedy mat Drénkwaasser ze versuergen. D'Zon ëstlech vun der Avenue kritt weiderhin d'Waasser vum Sennengerbierg. De neien Tuerm  gëtt zu engem Deel mat SEBES-Waasser an zum aneren Deel mam Waasser aus den eegene Quelle vun der Stad Lëtzebuerg (Glasbueren) gespeist.

Geschicht änneren

Am Oktober 2015 war en Architekteconcours ausgeschriwwe gi fir en neie Waassertuerm ze plangen an den Zouschlag goung de 7. Juni 2016 un den Architektebüro „Temperaturas Extremas Arquitectos“ (Madrid) zesumme mat „Simon-Christiansen & Associés“.

De Kontrakt mam Lëtzebuerger Ingenieursbüro „Simon-Christiansen&Associées“ gouf den 29. Dezember 2016 ofgeschloss an den 13. Januar 2017 krut „Temperaturas Extremas Arquitectos“ vun der Stad d'Commande fir en detailléierten Avant-projet auszeschaffen.

De Projet vum Waassertuerm ass den 9. Juli 2018 eestëmmeg vum Stater Gemengerot ugeholl ginn.

Am Ufank war geplangt, datt den Tuerm Enn 2021 sollt fäerdeg sinn, Mëtt däers Joers hate s'awer nach net emol ugefaangen.[1]

Schlussendlech hunn d'Bauaarbechten un der Fondatioun ufanks 2022 ugefaangen, am November 2023 soll de Projet fäerdeg sinn. De Käschtepunkt läit ewell (Stand: Feb. 2022) bei ronn 11 Milliounen Euro.[2]

D'Käschte sinn am Verglach zum ursprénglechen Devis, wéinst verschiddenen Ännerungen a Verbesserungen a well den Eisepräis ëm 10 % geklommen ass, ëm 2,5 % eropgaangen. D'Käschte ginn op 8,473 Milliounen € geschat a sollen iwwer fënnef Joer (2018 - 2022) verdeelt ginn.

Beschreiwung änneren

Den Terrain wou de Waassertuerm stoe kënnt, läit um nordëstlechen Enn vum Kierchbierger Plateau an der Natura 2000-Schutzzon vum Gréngewald. D'Formen an d'Baumaterial vum Waassertuerm ginn un d'Bëschgéigend ugepasst. D'Basengen an den Tuerm selwer gi mat Holzlamellen aus lokalem, onbehandeltem Holz agekleet. Et si Vullennäschter an Hiele fir Fliedermais virgesinn, déi d'Basis fir eng Fassad duerstellen déi deelweis bewuess ass. D'Näschter fir d'Leeëndecker (Apus apus) ginn aus Holzbëtong hiergestallt an an der Bëtongsfassad integréiert. An d'Fassad gëtt och en Nascht fir Spuervullen agebaut, dat mat enger Videokamera ekipéiert gëtt. D'Hiele fir d'Fliedermais ginn de Bedierfnesser vun de verschiddenen Aarten ugepasst. Et ginn och nach weider hëlzen Näschter a verschiddenen Héichten ubruecht.

De Waassertuerm gëtt 50 Meter héich. Am Tuerm ass en Trapenhaus an e Lift (fir eng Laascht vun 1.000 kg oder 13 Persounen) mat enger Kabinn vun 1,60 × 1,40 m virgesinn. Um Rez-de-chaussée gi Sanitäranlagen amenagéiert.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. "Ein Wasserturm sorgt für Diskussionen." wort.lu, 12.07.2021.
  2. De Kierchbierg kritt en neie Waassertuerm." rtl.lu, 07.02.2022.
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Compte rendu analytique vun der Gemengerotssëtzung vum 9. Juli 2018, op der Websäit vun der Stater Gemeng, fir d'lescht gekuckt den 21. Oktober 2018