Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre
Gemengesyndikater an dem Lëtzebuerger Staat, fir Drénkwaasser aus dem Uewersauerstauséi zu gewannen
(Virugeleet vu(n) SEBES)
De Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre (kuerz: SEBES) ass en Zesummeschloss vu verschiddene Gemengen, Gemengesyndikater an dem Lëtzebuerger Staat, fir Drénkwaasser aus dem Uewersauerstauséi zu gewannen.
E gouf den 31. Juli 1962 gegrënnt.
De gréissten Deel vum Waasser, dat d'SEBES liwwert, kënnt zanter 2023 aus der Waasserrengegungsstatioun vun Eschduerf[1], vu wou et aus engem ugeschlossene Baseng mat senger eegener Gravitatioun weiderleeft an un déi verschidde Waassersyndikater, déi ugeschloss sinn, verdeelt gëtt. Nieft dem Waasser aus dem Stauséi kann och nach, wann et si muss, Waasser aus 19 gefaasste Quellen, déi laanscht d'Haaptleitung leien, zeréckgegraff ginn.
Et sinn dat:
- d'Distribution d'eau des Ardennes fir den Norde vum Land;
- de Syndicat des eaux du Sud fir de Süden;
- d'Stad Lëtzebuerg;
- de SIDERE fir den Osten;
- an de Syndicat des eaux du Centre fir d'Gemengen am Zentrum.
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Nadine Schartz, 2023. Wie die Trinkwasserversorgung in Zukunft abgesichert wird. Luxemburger Wort vum 17./18. Juni 2023, S. 25.
Interkommunal Syndikater |
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW |