Georges Wivenes
President vum Staatsrot
De Georges Wivenes, gebuer den 31. Dezember 1954 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Jurist a war bis zu senger Pensioun Procureur général d'État adjoint.
Georges Wivenes | |
---|---|
Gebuer |
31. Dezember 1954 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Université Nancy-II |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Partei | CSV |
Den 1. August 2006 gouf hien zum Member vum Staatsrot ernannt, wou hien de Charles Ruppert ersat huet. De 15. November 2015 gouf hien ee vun de Vizepresidenten an den 30. Mäerz 2016 President vun där Institutioun.[1]
Am September 2016 huet hien d'Pensioun an der Magistratur geholl, säin Nofollger gouf de Premier avocat général Jeannot Nies.[2]
Gielercher
änneren- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2011)[3]
Um Spaweck
ännerenCommons: Georges Wivenes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Conseil d'État du Grand-duché de Luxembourg: Membres depuis 1857, op conseil-etat.public.lu, 22.07.2016.
- ↑ Jeannot Nies löst Georges Wivenes ab wort.lu 26. Abrëll 2016
- ↑ Memorial B n° 100 vun 2011 mat der Lëscht vun de Leit déi 2011 eng national Auszeechnung kritt hunn