De Marc Colas, gebuer den 13. Mee 1955, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Member vum Staatsrot.[1]

Marc Colas
Gebuer 13. Mee 1955
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

Hie war Administrateur Général am Ministère d'État ënnert der Leedung vum Jean-Claude Juncker.

Hie gouf de 27. November 2015 als Member vum Staatsrot nominéiert an de 4. Dezember 2015 an där Funktioun vereedegt.[2]

Zanter dem 4. Mee 2016 ass hie President vum Verwaltungsrot vu Foyer Finance, wou hien den André Elvinger ofgeléist huet.[3]

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Member vum Staatsrot um Site vum Staatsrot
  2. Publicatioun vun der Vereedegung vum Marc Colas um Site vum Staatsrot
  3. Legilux