François-Xavier Wurth-Paquet

lëtzebuergesche Jurist, Politiker an Historiker

De François-Xavier Wurth-Paquet, gebuer als François-Xavier Wurth (oder Würth) de 16. Abrëll 1801 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 4. Februar 1885, war e lëtzebuergesche Jurist, Politiker an Historiker.

François-Xavier Wurth-Paquet
Gebuer 16. Abrëll 1801
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. Februar 1885
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Anthropolog, Historiker, Riichter
Famill
Liewenspartner(in) Cathérine Paquet
Papp Jean Mathias Wurth
Mamm Julienne Fendius
Geschwëster Anne, Catherine Hélène, Hélène, Louis, Marie Anne
Kanner Léon Wurth

Berufflech a politesch Karriär änneren

No der Première am Stater Kolléisch huet hien zu Léck Droit studéiert an dunn, vun 1824 bis 1828 als Affekot geschafft an am Kolléisch grad ewéi an der Normalschoul Franséisch an Hollännesch enseignéiert[1]. Hien war duerno eng kuerz Zäit laang Riichter um Bezierksgeriicht an der Stad an Untersuchungsriichter zu Dikrech. 1835 ass hie Procureur an der Stad ginn, 1841 President vum Bezierksgeriicht[1] an 1848 President vum Ieweschte Geriicht.

De Wurth-Paquet war vun 1845 bis 1848 Member vun der Assemblée des États an 1848, als Gewielte vum Kanton Esch-Uelzecht, Member vun der Assemblée constituante[2]. Am selwechte Joer ass hien och Gemengeconseiller an der Haaptstad ginn[3].

11 fut encore nommé membre du conseil communal de Luxembourg en 1848.

Hie war vum 6. Oktober 1858 bis de 4. Februar 1885 Member vum Staatsrot[4] a vum 16. Februar 1870 bis de 16. Februar 1871 President vun där Institutioun.[5]

An der Regierung Simons war hien Administrateur général fir d'Justiz (vum 22.09.1853 bis den 21.05.1856) a fir den Interieur (vum 21.05.1856 bis den 29.09.1858)

1885?? ass hie Member vun enger Regierungskommissioun fir den Ënnerhalt vun den Archive ginn.

Aner Beschäftegungen änneren

1845 war hien ee vun de Grënnungsmembere vun der "Archeologescher Gesellschaft", déi méi spéit d'historesch Sektioun vum Institut grand-ducal ginn ass. Vun 1845 bis 1853 a vun 1876 bis 1885 war hie President vun der "Archeologescher Gesellschaft".

An de Publikatioune vun dëser Gesellschaft huet hien en Inventaire vun den ale Lëtzebuerger Dokumenter gemaach, an och Extraiten dovu publizéiert. 18.000 Dokumenter huet hie sou ënnersicht, dobäi koumen nach Ofschrëfte vu ronn 60.000 Dokumenter aus dem Ausland. Fir no sengem Doud hat hien dës Sammlung dem Institut vermaach. Och beim Opbau vun deem, wat méi spéit de Staatsmusée sollt ginn, huet hie matgeschafft.

Privates änneren

De François-Xavier Wurth war dat eelst vu sechs Kanner vum Martin Jean Mathias Wurth an der Julienne Fendius. Hien ass ass den 19. Abrëll 1827 an der Stad Lëtzebuerg mat der Cathérine Paquet (13.08.1806 – 22.06.1876) bestuet ginn[6]; d'Koppel krut sechs Kanner: Jean Mathias Leon Xavier (1828 – 1897), Julie (1831 – 1859), Albert Louis (1834 – 1902), Jean Ernest (1836 – 1918), Hélène Louise (1838 – 1911) an Anne Marguerite (1840 – 1920)[7].

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Rapport sur les anciennes archives du Grand-Duché de Luxembourg: Luxembourg: [s.n.], 1847. Print.
  • Rapport sur la foire de Luxembourg dite Schoberfuhr ou Schobermess  : Etymologie de ce mot. Luxembourg: [s.n.], 1850. Print.
  • Quel est le lieu de naissance de Jean, Baron de Beck, Général et Gouverneur du Duché de Luxembourg? Luxembourg: [s.n.], 1851. Print.
  • Le marquisat d’Arlon en 1480. Arlon: [s.n.], 1851. Print.
  • Charte luxembourgeois. Luxembourg: [s.n.], 1858. Print.
  • Table chronologique des chartes et diplômes realtifs à l’histoire de l’ancien pays de Luxembourg. Luxembourg: Imprimerie-Librairie de V. Buck, 1861. Print.
  • Notariat et notaires dans le pays de Luxembourg avant 1795. Luxembourg: V. Bück, 1864. Print.
  • Notices biographiques. Luxembourg: V. Bück, 1880. Print.

Fir un hien z'erënneren änneren

Als Undenken un de Wurth-Paquet ass an der Stad Lëtzebuerg (um Belair) grad ewéi zu Esch-Uelzecht eng Strooss no him genannt ginn.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 (de)Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.lu (2013). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  2. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 532-333.
  3. (fr)NÉCROLOGIE.. In: L'indépendance luxembourgeoise. L'indépendance luxembourgeoise nº 37, S. 2., [Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg] (06.02.1885). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  5. Lëscht vun de Presidente vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Gearchiveerd op 2015-09-23. Gekuckt de(n) 2013-02-07.
  6. (de)Ons Hémecht Nᵒ 35.. Ons Hémecht, 44. Jg., nº Heft 1, S. 51., [Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg] (01.01.1938). Gekuckt de(n) 23.11.2023.
  7. (en)François Xavier Wurth (1801-1885) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (1801-04-16). Gekuckt de(n) 2023-11-23.