Legislativ Prozedur (Lëtzebuerg)

D'legislativ Prozedur zu Lëtzebuerg, also d'Aart a Weis, wéi e Gesetz zustan kënnt, ass duerch d'Constitutioun a verschidde Gesetzer gereegelt, a gesäit sou aus:

Souwuel d'Chamber wéi och de Grand-Duc (respektiv d'Regierung) kënnen e Virschlag fir en neit Gesetz maachen. Kënnt e vun der Chamber, nennt een e Gesetzes-Propositioun (proposition de loi), kënnt e vun der Regierung, heescht dat Gesetzesprojet (projet de loi).

All Gesetzespropositioun oder -projet muss als éischt dem Staatsrot fir Avis virgeluecht ginn, ier driwwer ofgestëmmt ka ginn. Bei verschiddene Gesetzesprojete muss och d'Meenung vun der zoustänneger Beruffschamber gefrot ginn.

Wann déi Avise bis era sinn, da gëtt den Text vun der Konferenz vun de Presidenten un déi kompetent parlamentaresch Kommissioun weidergeleet. Dës diskutéiert driwwer an deelt dann der Chamber d'Resultat vun hirer Diskussioun mat. Am Fall wou Amendementer, also Ännerungvirschléi, gemaach goufen, mussen dës op en Neits dem Staatsrot fir Avis virgeluecht ginn.

De Rapport vun der Kommissioun gëtt da wéi gesot der Chamber an ëffentlecher Sëtzung duerch de Rapporteur virgestallt an dann diskutéiert, woubäi all Deputéierten d'Wuert kann ergräifen.

Duerno gëtt iwwer de Projet, respektiv d'Propositioun ofgestëmmt, an zwar fir d'éischt Artikel fir Artikel. Wann dobäi Artikele verworf oder Amendementer virgeholl ginn, ouni datt de Staatsrot virdrun dowéinst consultéiert gouf, muss alt erëm deem säin Avis ugefrot ginn. No dësem Avis stëmmt d'Chamber op en nees of, fir d'éischt Artikel fir Artikel, an dann iwwer de Projet, respektiv d'Propositioun als Ganzt.

Wann d'Legislativ am Lëtzebuerger Land, wéi a villen anere Länner och, zwou Kummeren hätt, da géif d'Gesetzespropositioun oder -projet elo un dës zweet Kummer (fr.: sénat; dt.: Bundesrat) goen. Well zu Lëtzebuerg awer op de Luxus vun enger zweeter Kummer verzicht gëtt, geet den Text dräi Méint nom éischte Vote erëm zeréck an d'Chamber fir en zweete Vote. Sou e Vote constitutionnel ass awer net néideg, wann de Staatsrot mam Projet respektiv der Propositioun a senger éischter Form zefridde war an der Chamber eng Dispens fir deen zweete Vote ginn huet.

D'Gesetz trëtt schlussendlech a Kraaft, wann de Grand-Duc et duerch seng Ënnerschrëft promulgéiert[1]. Et ass gëlteg dräi Deeg no senger Publikatioun am Mémorial.

Referenzen änneren

  1. Bis Mäerz 2009 huet de Grand-Duc et "sanctionéiert a promulgéiert". Dëst war an der Verfassung geännert ginn, nodeem de Grand-Duch Henri am Dezember 2008 bekannt gemaach hat, hie wéilt d'Gesetzespropositioun iwwer Euthanasie, wa se vun der Chamber gestëmmt géif, net ënnerschreiwen, well hien dat aus Gewëssensgrënn net sanctionnéiere kéint.