De Pierre Mores gebuer den 21. Abrëll 1950 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuergesche Jurist an héije Beamten.

Pierre Mores
Gebuer 21. Abrëll 1950
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

Seng berufflech Carrière huet hien an der Verwaltung vun de Sozialversécherunge gemaach. Säin héchste Poste war dee vum President vun der Privatbeamtepensiounskees, wat hie vun 1999 bis 2007 war.

De Pierre Mores gouf den 20. Mäerz 1990, op Propositioun vum Staatsrot selwer, Member vum Staatsrot, wou hien an d'Plaz vum Edmond Reuter koum, deen den 12. Februar gestuerwe war. An der offiziéiser parteipolitescher Andeelung vun de Membere vun der Héijer Kierperschaft gouf hien der DP zougerechent. De 14. Januar 2000 gouf hie Vizepresident, an den 29. Abrëll 2003 President vum Staatsrot.[1]

Den 30. September 2007 huet hien d'Presidence vun der Privatbeamtepensiounskees an och déi vum Staatsrot, e puer Méint ier säi Mandat op en Enn komm wier, opginn, fir d'Nominatioun als Haffmarschall vum Grand-Duc Henri unzehuelen. Hien hat déi Funktioun vum 1. Oktober 2007 bis zu senger Pensioun am Mee 2013. Den 1. September 2013 huet de Pierre Bley, dee bis dohin Direkter vun der UEL war, d'Nofolleg ugetratt.

De Pierre Mores huet eng Lizenz am Droit vun der Universitéit Nanzeg II an en Diplôme d'études am europäeschen Droit vum Centre européen vun der Universitéit vun Nanzeg.

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kruten