Fëschmaart (Stad Lëtzebuerg)

Plaz an der Stad Lëtzebuerg

De Marché-aux-Poissons, am allgemenge Sproochgebrauch als Fëschmaart bekannt, ass d'Plaz virum Nationalmusée, tëscht der Rue Sigefroi, dem Passage Gëlle-Klack an der Rue Wiltheim am Quartier Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Dacks ass awer mat „Fëschmaart“ net just d'Plaz selwer gemengt, ma och d'Stroossen an direkter Noperschaft vun der Plaz.

Marché-aux-Poissons
Numm lb: Fëschmaart
fr: Marché-aux-Poissons
Fréieren Numm lb: (Ale) Maart
de: Fischmarkt
Längt ca. 22 x 28 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2345
Koordinaten 49° 36’ 41.4’’ N
      06° 08’ 01.8’’ O

Op Ouschterméindeg gëtt d'Eemaischen um Fëschmaart ofgehalen.

Geschicht

änneren

De Fëschmaart ass déi eelst Plaz vun der Stad Lëtzebuerg, op der Plaz, wou zwéi Kiemen zesummekomm sinn, a just virun der Buerg vun de Grofe vu Lëtzebuerg.

Den Numm „Fëschmaart“ ass eréischt zanter 1692 beluecht. Ufanks housch e just einfach „Maart“, wéi z. B. an engem Dokument vun 1296 nozeliesen ass. 1408 gouf d'Plaz virun der Méchelskierch „Ale Maart“ genannt, an de Maart virun der Nikloskierch, déi do stoung, wou haut d'Chambersgebai steet, „Neie Maart“.

D'Händler sinn no an no léiwer op den Neie Maart gezunn, well sech do am Quartier ëmmer méi räich Leit niddergelooss hunn. Sou koum et, datt den Ale Maart sech op Kéis spezialiséiert huet, wat em den Numm „Kéismaart“ abruecht huet. An engem Dokument vum 5. September 1577 geet souguer rieds vun engem „Véimaart“.

Fir d'éischt fënnt een den Numm Kéis- oder Fëschmaart an engem Dokument vum 1. Mee 1692.

Um Fëschmaart goufe fréier d'Hiriichtunge vu Verurteelte vollstreckt, bis 1879 stoung de Stillchen do a bis 1890 goufen d'Geriichtsurteeler do publizéiert[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Plaz „Fischmarkt” geheescht[2].

Gebaier um a ronderëm de Fëschmaart

änneren

Literatur zum Theema

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Fëschmaart (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Evy Friedrich, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 22, 1986: 17
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32