Charles-Mathias Simons

De Charles-Mathias Simons, gebuer de 27. Mäerz 1802 zu Béibreg, gestuerwen de 5. Oktober 1874 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Charles-Mathias Simons
Mathias Simon.JPG
Gebuer 27. Mäerz 1802
Béibreg
Gestuerwen 5. Oktober 1874
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Affekot
Partei keng
Famill
Kanner Ernest Simons
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Charles-Mathias Simons mécht 1823 en Doktorat an Droit op der Universitéit zu Léck. D'Joer drop schreift hie sech um Barreau vum Éischtinstanzgeriicht zu Dikrech an. 1831 ass hien Delegéierte beim belschen Nationalkongress zu Bréissel, a schafft mat déi nei belsch Constitutioun aus.

1836-1837 ass hie Member vum Provënzialrot, a gëtt 1841 Member vun der Assemblée des États. 1843-1848 ass hie Member vum Regierungsrot an 1848 vun der Assemblée constituante. Vum 1. August - 2. Dezember 1848 ass hien Administrateur général fir Gemengenaffären an der Regierung de la Fontaine.

Nodeem d'Regierung Willmar vum Prënz Henri, op Wonsch vum Kinnek-Groussherzog Wëllem III. hin, ofgesat gi war, gouf de Charles-Mathias Simons den 23. September 1853 zum Regierungspresident a Staatsminister ernannt.

Am Simons seng Regierungszäit fält d'Revisioun vun der Lëtzebuerger Constitutioun vum Oktober 1856, déi de Kinnek-Groussherzog géint de Wëlle vum Parlament duerchgedréckt huet, an déi seng Pouvoire stäerkt, déi vum Parlament zeréckschneit, an déi dem sou geschwächte Parlament (dat zu engem Ständerot degradéiert gëtt) de Staatsrot als Kontrollorgan bäisëtzt. A seng Regierungszäit fält awer och d'Aweiung vun der éischter Eisebunnslinn zu Lëtzebuerg (4. Oktober 1859) an d'Grënnung vun deenen éischte Banken, der Banque internationale à Luxembourg an der Spuerkeess.

De 26. September 1860 trëtt de Simons zeréck, well d'Oppositioun géint seng "Staatsstreech"-Regierung am Parlament no Neiwalen ze vill grouss ginn ass.

Vun 1860 bis 1874 ass hie Member vum Staatsrot a vum 5. Januar 1869 bis de 5. Januar 1870 säi President. Hie stierft de 5. Oktober 1874 an der Stad.

Auszeechnungen[1]Änneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Ukënnegung vum Doud vum (Charles-)Mathias Simons an der Zeitung L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Oktober 1874