Alain Kinsch
Den Alain Kinsch, gebuer den 18. Juni 1971, ass e lëtzebuergesche Wirtschaftspréifer a Member vum Staatsrot.[1]
Alain Kinsch | |
---|---|
Gebuer | 18. Juni 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
![]() |
Hien huet seng Carrière 1995 bei Arthur Andersen ugefaangen, ënner der Leedung vum Norbert Becker. Déi Firma gouf an der Folleg vum Enron-Skandal, 2002 vun Ernst & Young, haut EY, iwwerholl. Hien huet do bis 2010 d'Private equity Branche geleet, a gouf du Managing Partner vun der Lëtzebuerger EY-Branche, a gläichzäiteg Private equity fund leader fir Europa, Afrika an de Mëttleren Osten.[2]
Verwonnerung an och alt Kritik huet seng Bedeelegung un de Koalitiounsverhandlungen, am Virfeld vun der Regierung Bettel-Schneider, ervirgeruff, well hien zwar der DP nosteet, ma net bei de Chamberwale kandidéiert hat an och soss kee politescht Mandat hat.[3]
Zanter dem 4. Februar 2015 ass den Alain Kinsch Member vum Staatsrot wou hien de Victor Gillen ersat huet. Den 11. Mee 2022 gouf hien dem Frank Wagener säin Nofollger als President vun der Bourse vu Lëtzebuerg[4].
Referenzen Änneren
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Fiche biographique op paperjam.lu.
- ↑ "Bettel: 'Exzellentes Klima'." tageblatt.lu, 29. Oktober 2013 18:21; Akt: 30.10.2013 08:31.
- ↑ Record results and new Chairman. www.bourse.lu (11.05.2022). Gekuckt de(n) 11.05.2022.