De Sergio Fantoni, gebuer de 7. August 1930 zu Roum an och do gestuerwen de 17. Abrëll 2020, war en italieenesche Schauspiller an Theaterregisseur.

Sergio Fantoni
Gebuer 7. August 1930
Roum
Gestuerwen 17. Abrëll 2020
Roum
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Synchronspriecher, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Papp Cesare Fantoni

Op der Bün war de Sergio Fantoni a Stécker vun Auteure wéi Molière, Gotthold Ephraim Lessing, Luigi Pirandello, Thornton Wilder an Harold Pinter ze gesinn.

Am Ufank vu senger Filmcarrière huet hien an italieenesche Sandalefilmer wéi Ercole e la regina di Lidia (1959) vum Pietro Francisci, La battaglia di Maratona (1959) vum Jacques Tourneur an Esther and the King (1960) vum Raoul Walsh a Mario Bava matgespillt. Bedeitend Filmer mat him sinn Senso (1954) vum Luchino Visconti, Von Ryan's Express (1965) vum Mark Robson an The Belly of an Architect (1987) vum Peter Greenaway.

Hien ass de Jong vum Schauspiller Cesare Fantoni.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1949 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 2003 änneren

TV (Auswiel) änneren

  • 1959: Ottocento - (TV-Mini-Serie) - (6 Episoden)
  • 1973: Lungo il fiume e sull'acqua - (TV-Mini-Serie) - (5 Episoden)
  • 1974: Anna Karenina - (TV-Mini-Serie) - (6 Episoden)
  • 1976: La traccia verde - (TV-Mini-Serie) - (3 Episoden)
  • 1982: Delitto di stato - (TV-Mini-Serie) - (5 Episoden)
  • 1986: La piovra 2 - (TV-Mini-Serie) - (4 Episoden)
  • 1986: The Manageress - (TV-Serie) - (4 Episoden)
  • 1994: Charlemagne, le prince à cheval - (TV-Mini-Serie) - (2 Episoden)

Um Spaweck änneren