D'Orionceinture (engl. Orion's Belt) ass déi opfälleg Mëtt vum Stärebild Orion, dat um Wanterhimmel duerch seng 3 hell Stäre vun der 1. Gréisst, dem Betelgeuse, dem Bellatrix an dem Rigel, an d'A fält.

Stärebild Orion, an der Mëtte déi 3 Ceinturestäre

Déi dräi Ceinturestären, déi tëscht hinne leien, sinn nëmmen e bëssi méi schwaach (2. Gréisst) a formen duerch hir riicht Linn, déi am selwechten Ofstand ass, e spezielle Bléckfank. Am Mëttelalter krute si och den Numm Jakobsstaf. Donieft weise si op der lénkser Säit genee op de Sirius, den hellste Fixstär vum ganzen Nuetshimmel.

Orion an Orionceinture an de Kulturen änneren

A bal alle Kulture ginn/goufen dës 3 Stäre mat der Ceinture vun enger männlecher Figur an Zesummenhank bruecht. Eist haitegt Stärebild Orion war am antike China ee vun 28 „Wunnsëtzer“ an de chineesesche Stärekonstellatiounen. Säin Numm Shen bedeit »dräi« - bedéngt duerch déi 3 Ceinturestären.

An der alegyptescher Relioun war et eng Erschäinungsform vum Osiris, dem Gott vun der Ënnerwelt.

An der griichescher Mythologie spillt d'Stärekonstellatioun vun der Orionceinture déi stäerkst Roll. De gefaarte Jeeër Orion (astronomesch Ofkierzung: Ori) gouf an de Stärenhimmel versat, well hien duerch seng Zilsécherheet ënner den Déieren ze vill Schued gemaach hat.

Déi opfälleg Konstellatioun läit no um Himmelsequator; de rietsen Ceinturestär δ Ori souguer op ¼° genee (de Wénkel gëtt ëm 2080 zu Null). Dofir ass den Orion vum Spéithierscht bis zum Fréijoersufank op der Süd- an Nordhallefkugel ze gesinn an huet d'Fabele vu ville Vëlker befligelt.

Ceinturestären an hire Wénkel zum Horizont änneren

Déi 3 „Ceintuestären“ δ (Mintaka), ε (Alnilam) an ζ (Alnitak) sinn d'Markenzeeche vum Stärebild Orion. Si gi wéinst hire gläichen Ofstänn an Hellegkeeten (2,2; 1,7; 1,7 mag) och Jakobsstaf oder Jakobsleeder genannt. Epsilon läit nëmmen 0,07° ënner der Mëtt vun den aneren, wéi d'FK5-Koordinaten (Rektaszensioun, Deklinatioun 2000,0) weisen:

δ Ori 5h 32m 00,40s -00° 17' 56,7"
ε Ori 5 36 12,81 -01 12 06,9 (Mëtt 5 36 23.0 -01 07 15)
ζ Ori 5 40 45,53 -01 56 33,3
 
Foto vum Stärebild Orion an d'Nimm vun ettleche Stären

Bei der Orionceinture fält engem opmierksamen Observateur op, datt déi Dräi-Stäre-Linn beim Opgank ongeféier am Senkel zum Horizont steet, beim Ënnergank awer parallel. Dat hänkt mat dem parallaktesche Wénkel zesummen, dee sech am Laf vun de Stonne staark verännert: wéi jiddwer Stärebild verännert d'Orionceinture net nëmmen hir Héicht a Richtung, mä „dréit“ sech och relativ zum Horizont vum Observateur.

Beschreiwung vun der Konstellatioun änneren

Dem Orion seng Haaptstäre si Betelgeuse a Bellatrix (si markéieren déi breet Schëllere vum Jeeër) an de Rigel (de rietse Fouss).
D'Nimm vun den dräi Ceinturestären (ζ, ε an δ Ori) stamen aus der arabescher Astronomie vum Mëttelalter: Alnitak, Alnilam a Mintaka. Déi dräi Stäre sinn d'Juegdceinture, un där lénks de Kächer hänkt:

Nëmme 5° méi déif erkennt ee scho mat bloussem A eng hell kleng Wollek, den Orionniwwel. Hie gëtt mat den Trapezstären déi ronderëm leien och d'Schwäertgehängsel vun der Orionceinture genannt. Genee betruecht besteet d'»Schwäertgehängsel« aus enger kuerzer Stärerei, déi sech vun Norden no Süden aus 45 Ori, θ Ori an ι Ori zesummesetzt, als 4. Objet reit sech an där Linn den Niwwelfleck an. Hien huet am Messier-Katalog d'Bezeechnung M42 an ass den hellsten Emissiounsniwwel (also e liicht vu sech aus) um Stärenhimmel. Am Ufank vun der Astrofotografie viru ronn 150 Joer war hie wéinst senger héijer Flächenhellegkeet e wichtegen Testobjet an den éischten Niwwel-Objet, dee mat laanger Beliichtungszäit opgeholl gouf.

Wichtegt H-II-Gebitt mat Stäregebuert änneren

 
Déi dräi Ceinturestären am Orion. Lénks ënnen de Flamenniwwel an de Päerdskappniwwel

Am Orionniwwel a bei den Ceinturestäre si Gasniwwelen déi liichten a fuedemfërmeg Fränjelen. An dëse sog. Elefanterüsselen entstinn nei Stären, wéi een am infraroude Liicht feststelle kann. Am Ëmkrees läit eng riseg Gas- an Moleküllwollek, déi 1.500 Liichtjoer ewech ass, an am Infrarout de gréissten Deel vum Orion ausfëllt.

E bësse südlech vum lénksen Ceinturestär Alnitak steet de bekannte Päerdskappniwwel. Deen ass zwar net mam bloussem A ze gesinn – mä scho mat enger liichtstaarker Spektiv. D'Gaswollek déi liicht ass en Deel vun engem ausgedeente Moleküllwolleke-Komplex, deen als Orion-Komplex bekannt ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren