Den FK5 (Fifth Fundamental Catalogue) ass dee fënnefte vun de sechs Fundamentalkatalogen. En definéiert bis ronn 2010 dat himmlescht Koordinatesystem.

De Katalog déngt der Astronomie an der Geodesie zanter 1988 als déi geneest Realiséierung vun engem Bezuchssystem fir d'Koordinate Rektaszensioun (ofgekierzt RA oder α) an Deklinatioun (ofgekierzt Dec oder δ). Mat senge Basiskonstanten ass hien och e prezise Modell fir Aufgaben am Planéitesystem, souwéi als Inertialsystem fir extragalaktesch Astronomie.

Den FK5 huet 1535 Fundamentalstären (d. h. op d'mannst 0,05" genee vermoosse Stären) an 3.117 Supplementstären opgelëscht (vergréissert, publ. 1991). Dës Stäreplaze ginn aus Dosende Virgänger-Kataloge ermëttelt, souwéi mat neie relativen an absolutte Methode vun der Astrometrie. D'Miessunge vu verschiddenen Epochen goufen op zwou vereenegt Null-Epochen 1950,0 an 2000,0 transforméiert.

Déi 1.535 Stäre ginn op de Virgängerkatalog FK4 (Heidelberg 1963), an op weider 3.115, eppes manner genee bestëmmt Stären zeréck. Zesumme hue si eng bal homogeen Verdeelung a Genauegkeet (besser wéi 0,05") iwwer de ganzen Himmel.

Am System sinn och genee Eegebeweegunge vun all Stär dran. Si berouen deelweis op Miessungen déi bis 100 Joer zeréckginn, soudatt d'Positiounen e puer Joerzéngter an d'Zukunft an an d'Vergaangenheet ëmgerechent kënne ginn.

Si bezéie sech mat grousser Prezisioun op en Inertialsystem. Et huet misse beim Iwwergank vum FK4 nëmmen ëm ongeféier 0,01 Sekonne geännert ginn.

Déi follgend Tabell weist e puer Kennwäerter vum FK5, seng zwéi Virgänger FK3 an FK4, souwéi vum satellittegestëtzten (relativen) Hipparcos-Katalog:

Kuerznumm Stärenzuel Offiziellen Numm publ. Joer Miessung
Plazen Eegebeweegungen
FK3  873 Drëtte Fundamentalkatalog 1937 1912–15
FK3sup +662 (Zousazstären, Band II) 1938 Ø 1913 1845–1930
FK4 1535 Fourth Fundamental Catalogue 1963 Ø 1950
FK4sup 1111 Supplement Stars FK4/5 ~1965
FK5 1535 Fifth Fundamental Catalogue 1988 Ø 1975
FK5sup 3117 Supplement Stars of FK5 1991
Hipp. 118000 Hipparcos-Katalog 1998 1989–93 1989–1993

--> Zu der Tabell uewen:
Den Hipparcos- ass kee Fundamentalkatalog am strenge Sënn, mä gouf nëmmen dem FK5-System genee ugepasst.

Um Spaweck änneren