Den Alnitak ass de Stär ζ Orionis (Zeta Orionis) am Stärebild Orion, den ëstlechste Stär vun der Ceinture am Orion. Den arabeschen Numm bedeit "Ceinture" (dat ëstlecht Enn). Den Alnitak huet eng visuell Magnitude vu +1,78 mag a gehéiert zu der Spektralklass O9. Hien ass domat en déifbloe Stär. Wéi den Epsilon Orionis sou ass och den Zeta Orionis e liichtkräftege Bloe Ris mat der 100.000-facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemperatur ass zirka 31.000 Kelvin. Den Alnitak huet den zirka 10,7 fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. D'Distanz vum Alnitak zur Äerd ass 817 Liichtjoer. Hien huet an engem Wénkelofstand vun 2,3" bei engem Positiounswénkel vun 165 Grad e Begleeder mat der Hellegkeet +4,0 mag (Spektraltyp B0 = 25.000 Kelvin). Dee Stär ass mat bloussem A ze gesinn. A senger Noperschaft ass sech och de Päerdskappniwwel an de Flamenniwwel als Deeler vum Orion-Niwwelkomplex.

Koordinaten (Equinoxe 2000)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie