Als Stär 1. Gréisst ginn zanter der Griichescher Antiquitéit déi hellst Fixstäre bezeechent.

Um ganze Stärenhimmel gëtt et 23 Stäre mat der 1. Gréisst. Besonnesch opfälleg ënner hinne sinn dräi Stäregruppen: dat sougenannte Wantersechseck, dat grousst Summerdräieck an d'Stärebild Crux mat dem Centaurus.

E bëssi méi schwaach Stäre goufe vun de Griichen Hipparchos (190–125 v. Chr.) a Ptolemäus (100–160 n. Chr.) als Stär 2. Gréisst bezeechent (z. B. Ursa Major, Cassiopeia an d'Orionceinture) an déi ganz schwach, mat bloussem A visuell Stären als 6. Gréisst.

Där Klassifizéierung hunn d'Astronomen an der Neizäit eng physikalesch genee definéiert Skala ugepasst, déi si visuell Hellegkeet nennen (och „Gréissteklass“ resp. Magnitudo, ofgekierzt mag). An där Skala gëtt et:

Déi Skala ass sou ausgeluecht, datt all Niveau engem Intensitéits-Verhältnes zum Liicht vun 2,512 entsprécht, an dofir 5 Stufen 1:100. E Stär 1. Gréisst ass also 100-mol sou hell wéi e Liichtpunkt vun der 6. Gréisst, wat dem A awer als manner Stufe virkënnt. Ursaach dofir ass d'Weber-Fechner-Gesetz vun eisem Gesiichtssënn, dat eis et anerersäits erméiglecht, nach Hellegkeetsënnerscheeder tëscht Dag an Nuecht vun 1:10 Milliarde festzestellen.

D'Stärenzuel hëlt pro Gréissteklass op dat 2½- bis 3-facht zou. Eréischt tëscht der 14. an 18. Gréisst fält de Facteur op 2,3 pro Niveau, wouraus een en Total vun de Stäre vun op d'mannst 30 Milliarde kritt.

Lëscht vun de Stären änneren

  mag Bayer-Bezeechnung Numm Distanz a
Liichtjoer
Deklinatioun Rektaszensioun Spektralklass
0 −26,73   Sonn 0,000 016 variabel −23,44° bis +23,44° ëmlafend G2V
1 −1,44 α CMa Sirius 8,6 −16° 42' 56,9" 06 45 08,82 AIV
2 −0,62 α Car Canopus 312 −52 41 44 06 23 57 F0Ib
3 −0,05 var α Boo Arcturus 37 +19 10 57 14 55 40 K2III
4 −0,01 α1 Cen Alpha Centauri A 4,4 −60 50 02,31 14 39 36,5 G2V+KIV
5 0,03 α Lyr Vega 25,3 +38 47 01 18 36 56 A0V
6 0,08 α Aur Capella 42 +45 59 53 05 16 41 G5III+G0III
7 0,18 β Ori Rigel 770 −08 12 06 05 14 32 B8Ia
8 0,4 α Cmi Procyon 11,4 +05 13 30 07 39 18 F5IV-V
9 0,45 α Eri Achernar 145 −57 14 12 01 37 43 B3V
10 0,45 var α Ori Betelgeuze 430 +07 24 26 05 55 10 M2Ib
11 0,61 β Cen Hadar 525 −60 22 22 14 03 49 BIIII
12 0,76 α Aql Altair 16,7 +08 52 06 19 50 47 A7V
13 0,77 α Cru Acrux 320 −63 05 57 12 26 36 B0.5IV+BIV
14 0,87 var α Tau Aldebaran 65 +16 30 33 04 35 55 K5III
15 0,98 α Vir Spica 262 −11 09 41 13 25 11 BIV+B2V
16 1,06 α Sco Antares 604 −26 25 55 16 29 24 MIIb+B4V
17 1,16 β Gem Pollux 33 +28 01 34 07 45 19 K0III
18 1,17 α PsA Formalhaut 25,1 −29 37 20 22 57 39 A3V
19 1,25 β Cru Becrux 352 −59 41 19 12 47 43 B0.5III
20 1,25 α Cyg Deneb 3200 +45 16 49 20 41 26 A2Ia
21 1,35 α2 Cen Alpha Centauri B 4,4 −60 50 13,76 14 39 35,08
22 1,36 α Leo Regulus 78 +11 58 02 10 08 22 B7V

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie