Als Stär 2. Gréisst ginn zanter der Griichescher Antiquitéit déi hell Fixstäre bezeechent, déi de Stärebiller hir typesch Gestalt ginn.

Mam Teleskop kënne Stäre bis zur 2.Gréisst och am Dag observéiert ginn, wat ë. a. fir d'absolut Koordinatebestëmmung vu Fundamentalstäre wichteg ass.

Opfällegkeet änneren

Si erschéngen ongeféier hallef sou hell wéi déi 23 Stäre vun der 1. Gréisst. Um ganze Stärenhimmel gëtt et 70 Stäre vun der 2. Gréisst. Besonnesch opffälleg ënner hinne si follgend Konstellatiounen:

Geschicht änneren

D'Bezeechnung 2. Gréisst (respektiv. Gréissteklass) staamt vun de fréieren Astronomen Hipparchos (190–125 v. Chr.) a Ptolemäus (100–160). De Ptolemeus ass mat senger Skala bis zur 6. Gréisst fir déi schwächst mat bloussem A siichtbar Stäre gaangen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie