Wanterhimmel nennt een dee Stärenhimmel, wou een am Wanter bei klorem Stärenhimmel gesäit. Dësen Himmels-Ausschnëtt weist a Mëtteleuropa 17 vun den 30 hellste Stären vum ganzen Himmel (!) an hänkt of

  1. vun der geographescher Breet vun der Observatiounsplaz,
  2. vum Observatiouns-Datum
  3. a vun der Lokalzäit.
D'Stärebiller vum Wanterhimmel

Den 2. an 3. Afloss wierke géinteneen, d. h. 1 Mount méi spéit gesi mer deselwelchten Himmelsausschnëtt ëm 2 Stonne méi fréi, oder all Dag ëm knapps 4 Minutte méi fréi (Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn).

Konstellatiounen a Stärebiller änneren

Déi opfällegst Konstellatioun um Wanterhimmel ass dat am Südosten opsteigend grousst Wantersechseck, dat aus 6 Stären 1. Gréisst besteet a ronderëm d'Stärebiller Orion an Gemini (Zwilling) verleeft. An dëser Himmelsregioun steet d'Sonn am Juni, soudatt si nëmmen am Wanter um Himmel ass. Déi 3 hell Stäre vun der Orionceinture weisen no lénks op dee grell-wäisse Sirius, deen hellste Stär vum ganzen Himmel. Hie läit nëmmen 8,7 Liichtjoer vun eis ewech. Hien ass duebbel sou grouss a waarm wéi eis Sonn an zielt, wéi si och zu den „Zwergstären“. Dogéint ass den orange-roude Beteigeuze (am Orion lénks uewen) e „Roude Ris“ mat ronn 1000-fachem Sonneradius - allerdéngs op enger Distanz vun 310 Liichtjoer.

Héich am Westen ass nach déi Fënfstärerei (Perseus-Andromeda-Pegasus) ze gesinn, déi an den Hierschtméint um Himmel päsent waren. Si reecht vum Zenit bis bal op den Horizont a steet a Mëtteleuropa bal vertikal. D'Stärebild Ursa Majo kënnt eréischt lues am Nordosten erop a weist mat der Deichsel (Grousse Won) no ënnen. Riets dovu stinn Leo a Cancer. Als Géigestéck zum Grousse Won (Grousse Biir oder Ursa Major) ass lénks vum Polarstär den helle W vum Cassiopeia ze gesinn.

Héich iwwer eise Käpp steet d'Stärebild Perseus. Héich am Südweste steet och nach den Taurus an de Stärekéip Hyaden an Plejaden, eppes méi déif steet d'Stärebild Aries.

Wanterhimmel 2008: zwéin hell Planéiten änneren

Um Wanterhimmel 2008/09 gëtt d'Venus als Owesstär siichtbar, Enn Dezember fir e puer Deeg och de sonnenooste Planéit Merkur. Och de Riseplanéit Jupiter steet mam Saturn an der 2.Nuetshalschent um Stärenhimmel.

Joreszäiten änneren

Fréijoershimmel, Summerhimmel, Hierschthimmel

Um Spaweck änneren